Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Daft Punk - One More Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Homogeen oder dach léiwer individuell?

Homogeen oder dach léiwer individuell?

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An engem Bléiserquintett spillen ass keng einfach Aufgab. D'Instrumenter vu Klarinett bis Cor hunn alleguerte ganz ënnerschiddlech Klangfaarwen, an et stellt sech d'Fro, ob en homogeene Klang iwwerhaapt d'Zil vun esou enger Besetzung ka sinn. D'Musek kann trotzdeem begeeschteren, virun allem, wann ee se mat Frënn mécht. De 17. November trieden Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker zesummen am Kammermusekssall op a proposéiere Wierker vun Zemlinksy, Brahms an Haas.
Am Interview mam Luc Boentges gëtt de Flüttist Markus Brönniman en Abléck an de Programm an an d'Erausfuerderunge vun dëser Besetzung.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

En OPL-Museker an der Halleffinall

De Perkussionist an Dirigent Benjamin Schäfer beim Jorma-Panula-Concours a Finnland

An enger typescher Banda huet et ugefaangen

Den Azahar-Ensemble spillt e Samschdeg (17.11.2018) am Escher Conservatoire
Zum Schluss e Fest

Zum Schluss e Fest

D'Luxembourg Philharmonia feiert 2019 hire 40. Gebuertsdag.

Mamm an Duechter am Duo

Den Duo Praxedis mat Wierker vu Vivaldi a Piazzolla am Centre Culturel Altrimenti

Nuit Debussy

Een Owend, ganz am Zeeche vum impressionistesche Komponist
Mam Bach an eng nei Saison

Mam Bach an eng nei Saison

D'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette gin an déi 18. Editioun

Mam Astor Piazzolla huet et ugefaangen

20 Joer Ensembel La Boca

De Bléck no hannen ass ëmmer e Bléck no vir

Reunioun vum Netzwerk für Historische Orchesterarchive (NOA) an der Philharmonie

Eng norwegesch Geiistin zu Lëtzebuerg

D'Vilde Frang ass als Gaaschtsolistin fir eng Partie Concerte mam OPL och a Spuenien ënnerwee.

Podium fir jonk Talenter

E Sonndeg (11.11.2018) ass de 35. Concours national pour jeunes solistes

My Urban Piano

Um Piano am grousse Studio vum radio 100,7 gëtt den David Ianni en Abléck a seng Kompositiounen.

Kompositiounsstuff an der Abtei Neimënster

En Atelier fir jonk Komponisten am Kader vum Festival Rainy Days

Get Real

De Festival Rainy Days 2018

Kinnek vum Rag

De Scott Joplin ass de Komponist vum Mount um radio 100,7.

Een Doud, iwwer dee laang spekuléiert gouf

Haut virun 125 Joer ass de P.I. Tschaikowsky gestuerwen.

Eng Première

Den Cello Octet Luxembourg presentéiert sech e Sonndeg zu Rëmerschen (11.11.2018).

Eng aner Perceptioun vum Liszt

D'Musekshéichschoul zu Weimar huet en neie Fuerschungsprojet lancéiert.

De Verdi-Requiem mam John Eliot Gardiner

Nodeems den Dirigent d'Wierk 1995 eng éischte Kéier opgeholl huet, gräift hien de Projet nees op a kennt domat op Lëtzebuerg.

Verschäerften Tempo

Déi klassesch Musek gëtt méi séier gespillt wéi viru 50 Joer.

De Spigel vun der kultureller Diversitéit

2019 gëtt en EU-Songbook publizéiert.