arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng ongewéinlech Kombinatioun
Den Duddelsak: Et ass en Instrument, mat deem ee Villes associéiert - fir d'éischt emol d'Lautstäerkt, dann denkt een u Karo-Musteren a vläicht och u St. Patrick's Day. U wat een éischter net denkt, sinn eng Kierch an eng Uergel. Genee dës ongewéinlech Kombinatioun vu Kierch, Uergel an Duddelsak gëtt haut den Owend (8.3.2019) zu Diddeleng um Prélude Celtique proposéiert. Den Duddelsak-Spiller Carlos Núñez trëtt mam Organist Laurent Felten op.
De Luc Boentges huet mam Laurent Felten iwwer dëse Concert geschwat.