The Cure hir séiss-sauer 80er Hits si bis haut jidderengem am Ouer. D’Band steet fir gotesch-inspiréiert Ufäng, eng Pop-Wendung an den 80er an 90er, an ee Retour bei de Rock, mat Hits iwwer méi wéi 4 Joerzéngten. Am Alter vu 65 Joer wëll de Frontmann Robert Smith et nacheemol wëssen, a bréngt “Songs of a Lost World” eraus mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
The Cure – Songs of a Lost World
Lauschteren
play_arrow
headphones
13 min
Episoden
The Weather Station - Humanhood
Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
Franz Ferdinand - The Human Fear
D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
MJ Lenderman - Manning Fireworks
Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024
White Denim - 12
Ee groussaartege Flickenteppech
Autumn Sweater - Adult Life
Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.
Homer - Ensatina
Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed
Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.
Primal Scream - Come Ahead
D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!
The Cure – Songs of a Lost World
En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me
Op hirem véierten Album “Clouds In The Sky TheyWill Always Be There For Me” loosse Porridge Radio den Emotiounen a Gittare fräie Laf.
Faux Real - Faux Ever
Eisen Album vun dëser Woch kënnt vun der franko-amerikanescher Band Faux Real an heescht „Faux Ever“.
The Smile - Cutouts
Jazz, Afrobeat, Mathrock a vill Radiohead-Afloss - sou presentéieren sech The Smile op “Cutouts”
Ezra Collective – Dance, No One’s Watching
Eisen Album vun dëser Woch ass eng Jazz-Fusion Plack, dréit sech ganz ronderëm den Danz, an danzt dobäi selwer. Danz verbënnt, an dat op vill Manéieren.
Bei sech ukommen
Wa sech eng Musekerin mat engem besonneschen Talent fir grouss Melodien, an e renomméierte Produzent begéinen, da sinn d‘Erwaardunge grouss.
Nilüfer Yanya - My Method Actor
Op hirem drëtten Album zerwéiert déi brittesch Musekerin hire soulegen Indierock a reechert dëse mat enger gudder Portioun Nonchalance un.
C'est Karma - How To Peel An Orange
Tëschent elektroneschem Pop a Gesellschaftskritik: Mat "How To Peel An Orange“ stellt déi Lëtzebuerger Musekerin C‘est Karma hiren Debut-Album vir.
Nick Cave and the Bad Seeds - Wild God
Op hirem 18. Album "Wild God“ zelebréieren Nick Cave and the Bad Seeds eng musikalesch Mass, an där si op ganz inspiréiert Manéier improviséieren.
Rosie Lowe - Lover, Other
Souleg, brachial a virun allem opulent - mat “Lover, Other” presentéiert déi brittesch Kënschtlerin Rosie Lowe een eklektesche Klangkosmos.
Foster The People - Paradise State Of Mind
Net méi just e One Hit Wonder, déi amerikanesch Indie-Pop-Band mëllt sech no enger Paus vu siwe Joer mat enger grousser a faarweger Plack.