arrow_back_ios

Kannerkëscht

Mediathéik / Kannerkëscht

/ De Mukami an Halloween

De Mukami an Halloween

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

27 min

An elo ass et gläich nees esouwäit Halloween: steet vrun der Dier a wéi all Joer wëllt de Pit mat Kolleege vun Haus zu Haus lafen an eng Onmass Séissegkeete sammele goen. Mee do ass jo awer och nach de Mukami, dem Pit säin duerchdriwwent Hausdéier. De Mukami weess iwwerhaapt net, wat den “Hallo-Dengen” do ass.

Et ass also dem Mukami säin éischten Halloween, an d’Anja Di Bartolomeo erzielt iech elo, wat a wéi de Mukami säin éischten Halloween erlieft.

An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht


Episoden

Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

De Jacques Sanavia ass Luthier oder anescht gesot: e Geiebauer. D‘Suri, d‘Amélie an d‘Lucy ware bis bei hie laanscht a wollte méi iwwer säi Beruff erausfannen.
headphones

6 min

play_arrow
D’Eloisa a seng Gei

D’Eloisa a seng Gei

D‘Nora, d‘Anna, d‘Hannah an de Kabeer waren dat jonkt Talent Eloisa Aubert an de Conservatoire besichen. Déi jonk Geiistin huet mat hiren eelef Joer schonn esou munch internationale Concours gewonnen. D’Kannerreporter:inne hunn hir e puer Froe gestallt.
headphones

5 min

play_arrow
Musek maachen op enger Schalimosflütt

Musek maachen op enger Schalimosflütt

Am nächsten Experiment ronderëm de Knall, Téin a Schall geet et elo ëm den Toun a mat engem Toun kann ee jo och Musek maachen. De Joseph Rodesch baut dofir mat iech zesummen eng Schalimosflütt, op där een duerno och spille kann.
headphones

5 min

play_arrow
Mir fabrizéieren eng Knupptut

Mir fabrizéieren eng Knupptut

An dësem Experiment geet et elo dorëms eng Knupptut ze bauen, ze falen oder ze fabrizéieren, wéi een et och wëllt soen.
headphones

6 min

play_arrow
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

Well d’Kannerradionuecht jo “Eng Nuecht an der Philharmonie“ iwwerschriwwe war, hate mir eis Kannerreporter:innen dohinner geschéckt. Op der Plaz hu sech d’Léonie, d’Charlotte, d’Vickie an de Leo dräi Philharmoniker gekroopt a befrot.
headphones

5 min

play_arrow
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

Dëst Joer kënnt de Kannerradionuecht Song vum luk., oder anescht gesot vum Luka Tonnar. Den Titel vum Song ass “Nach en Dag”. D’Paule Rodesch huet mam Luka iwwer d’Realisatioun vu sengem Song geschwat.
headphones

7 min

play_arrow
E Fest am Wanterbësch

E Fest am Wanterbësch

An dëser Déieregeschicht aus dem Wanterbësch hunn d’Déieren aus dem Bësch decidéiert e Fest ze maachen, wat bestëmmt ganz flott gëtt an déi meescht sech drop freeën. Just de Fuuss ass net esou iwwerzeegt, well hien weess nämlech net, wat e Fest ass.
headphones

11 min

play_arrow
D’Knackint an d’Krickint

D’Knackint an d’Krickint

Déi Kéier geet et ëm d’Knackint an d’Krickint, déi eng grouss Frëndschaft hunn an decidéiert hunn och de Wanter zesummen ze verbréngen, mee dat wäert awer ... Nee, dat soe mir iech elo net, mee dofir lauschtert gutt no!
headphones

11 min

play_arrow
Déi zweefaarweg Bëschspëtzmaus an hir Spënnchen

Déi zweefaarweg Bëschspëtzmaus an hir Spënnchen

Well et Hierscht ass, sinn Déieren am Bësch amgaange sech op de Wanter ze preparéieren. Mee just déi zweefaarweg Bëschspëtzmaus huet iergendwéi keng Loscht dorobber an huet eppes ganz aneschters wëlles.
headphones

11 min

play_arrow
Den Hirsch huet den Hals wéi!

Den Hirsch huet den Hals wéi!

An där heiten Déieregeschicht aus dem Wanterbësch geet et ëm en Hirsch, deen, wat jo net vun ongeféier an dëser Joreszäit ass, Halswéi huet. Wéi kann him gehollef ginn?
headphones

13 min

play_arrow
De Jos a seng grujeleg Halloweennuecht

De Jos a seng grujeleg Halloweennuecht

De Jos, de klenge Lausbouf, deen der schonn eng Zäitche kennt, gëtt ëmmer benzeg wann et Halloween ass. Mä déi Kéier erlieft de Jos awer seng grujelegsten Halloweennuecht. Happy Halloween!
headphones

55 min

play_arrow
De Mukami an d’Geschicht mat der Geeschterbunn

De Mukami an d’Geschicht mat der Geeschterbunn

Et ass d'Zäit vun der Schueberfouer. Natierlech ass de Pit och schonn immens ongedëlleg fir endlech op d’Fouer ze goen an hien hëlt natierlech de Mukami mat. Deen ass ufanks zwar net esou benzeg, mee e Besuch mam Mukami ass jo och keen normale Besuch!
headphones

35 min

play_arrow
De Jos an d’Saach mam Gaardenhaischen

De Jos an d’Saach mam Gaardenhaischen

De Jos a seng Schwëster Nora kréie vun der Mamm d’Missioun, d’Gaardenhaischen, dat si sech schonn esou laang gewënscht hunn, opzeriichten.
headphones

56 min

play_arrow
D’Pirateband

D’Pirateband

D’Kanner vum Panda Club hunn eng flott Geschicht iwwer eng Pirateband geschriwwen.
headphones

6 min

play_arrow
D'Sonn ass glëschtereg op Glace

D'Sonn ass glëschtereg op Glace

D'Sonn ass grad eréischt opgestanen an huet immensen Duuscht. Eng Glace géif elo gutt kommen. Mee et ass nach ze fréi dofir, dofir muss se no anere Saache sichen, fir drun ze lecken..
headphones

6 min

play_arrow
D'Schildkröt Schilli am Äerdbier

D'Schildkröt Schilli am Äerdbier

D'Schildkröt Schilli ass ganz hongreg op engem schéine Summerdag. Mmmh ... do läit den Doft vu leckeren Äerdbieren an der Loft. Mee wéi kéint d'Schilli dann u si kommen? Gëtt et do een, deen him hëllefe kéint?
headphones

8 min

play_arrow
Den Äisbier

Den Äisbier

Beim Louis a Max hirer Geschicht geet ëm en Äisbier.
headphones

5 min

play_arrow
Dat virwëtzegt Jippelchen

Dat virwëtzegt Jippelchen

Bei dëser Geschicht vum Zoe geet et ëm e Jippelchen, dat op Ouschterdag op d'Welt koum.
headphones

4 min

play_arrow
Bëschverschmotzung

Bëschverschmotzung

Bei dëser Geschicht vum Lina a Jana geet et ëm Bëschverschmotzung.
headphones

8 min

play_arrow
D'Jippelchen

D'Jippelchen

D'Elie an d'Lena erzielen eis hir Geschicht iwwer e Jippelchen, dat sech verluer huet ...
headphones

6 min

play_arrow