Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

100komma7.lu / Genuddels a Gejiips

/ De Pat Metheny, de Mulgrew Miller an de Kurt Rosenwinkel

De Pat Metheny, de Mulgrew Miller an de Kurt Rosenwinkel

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Pat Metheny ass sécher ee vun de wichteste Gittaristen aus der Jazz-Geschicht. Hien erfënnt sech ëmmer erëm
nei, awer heiansdo besënnt hie sech och op ee Konzept, dat schonn eemol erfuerscht gouf a beliicht et anescht. Esou och op “Moon Dial”, wou hien op enger fir hie gebauter Bariton-Gittar mat Nylon-Säiten e wonnerschéine Solo-Repertoire spillt.
De Mulgrew Miller ass een dacks iwwerkuckte Pianist, dee vun den 1980er an der Jazzzeen grouss gouf, an de Kurt
Rosenwinkel bréngt eis ee feirege Live-Album aus senger Glanz-Ufankszäit aus dem Joer 1996.

Playlist:
1. Pat Metheny - Moon Dial
2. Pat Metheny - Everything Happens to Me
3. Mulgrew Miller - Go East
4. Mulgrew Miller - The Sequel
5. Mulgrew Miller - It Never Entered my Mind
6. Kurt Rosenwinkel - A Shifting Design
7. Kurt Rosenwinkel - Zhivago

Musek
Jazz

Episoden

Dräi wonnerbar Albumen ausgegruewen, ...

... respektiv frësch aus de Regaler: Deen neisten Album vum Chris Potter, da nach en ale Klassiker vum Pepper Adams an en neien Album vum Joel Ross.
headphones

60 min

play_arrow

Nei Concertsrei am Vantage Bar - Neie Live-Album vum Gilles Grethen

De 6. Mäerz mam Olivio Pagliarini Trio feat. Paule Rodesch - De Gittarist a Komponist presentéiert säin neiste Live-Album "State of Mind"
headphones

60 min

play_arrow

Genuddels a Gejiips

De Kevin Hays, de Yussef Dayes an den Echter'Jazz Festival stinn haut den Owend op der Affiche.
headphones

60 min

play_arrow

Ethan Iverson - Fire! Orchestra - Felix Hauptmann

Neien Opus "Technically Acceptable" - E richtegt Mammut-Wierk: "Echoes" vun 43 Museker agespillt - Eng flott elektronesch opgelueden EP
headphones

60 min

play_arrow

Ethan Iverson - Fire! Orchestra - Felix Hauptmann

Neien Opus "Technically Acceptable" - E richtegt Mammut-Wierk: "Echoes" vun 43 Museker agespillt - Eng flott elektronesch opgelueden EP
headphones

60 min

play_arrow

Horace Silver, Arild Andersen a Cautious Clay

Dem Horace Silver seng wuel bekanntsten Nummer "Song for my Father"; den Arild Andersen bréngt mat "Affirmation" e wonnerbaren Album eraus, an de Joshua Karpeh verwäscht d'Grenzen.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

De Les McCann, de Marc Demuth an den Jesse Fischer

Am Alter vun 88 Joer ass den amerikanesche Pianist Les McCann den 29.12. verscheet. Hien hannerléisst eng Panoplie un Opnamen, haaptsächlech am Beräich R&B a Soul Jazz.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Christmas Time

Jazzeg Chrëschtdeeg mat neier Musek vu Samara Joy a Gregory Porter an e puer anere Coup de Coeuren.
headphones

60 min

play_arrow

Steve Davis meets Hank Jones, Mareike Wiening a Jerry Bergonzi

Ee wonnerbaren Album, déi däitsch Trommlerin a Komponistin an e legendäre Saxofonist
headphones

60 min

play_arrow

Deitch, Hitchock, Wayne

De Batteur Adam Deitch säi Quartett, den Alex Hitchcock mat senger Dream Band an dem Wayne Shorter säin Album “The Soothsayer*.
headphones

60 min

play_arrow

Rymden, Joe Lovano/Jakob Bro an den Dexter Gordon

De skandinavesche Super-Trio Rymden bréngt ee véierten Album eraus, en Hommage un de Batteur a Visionär Paul Motian, an ee Klassiker aus dem Joer 1963
headphones

60 min

play_arrow

Michel Pilz am Réckbléck

E Bléck op d‘Karriär vum grousse Gentleman vun der Lëtzebuerger Jazzzeen. De Bassklarinettist Michel Pilz, dee rezent verstuerwen ass.
headphones

122 min

play_arrow

Carla Bley: E Portrait

Nodeems si den 17.10.2023 am Alter vu 87 Joer verstuerwen ass, huelen de Pit Dahm an de Pol Belardi den Nolauschterer mat op eng Reess duerch hiert Liewen.
headphones

60 min

play_arrow

Genuddels a Gejiips

Miki Yamanaka, de Paradox Jazz Orchestra an e Live-Concert vum Cannonball Adderley
headphones

60 min

play_arrow

Gerald Clayton Trio

Gerald Clayton Trio live @ Inntöne Jazz Festival Diersbach (AU)
headphones

60 min

play_arrow

Charles Mingus a Max Roach Live at Cafe Bohemia

Eng besonnesch hip a visionär Live-Opnam aus dem Joer 1955
headphones

60 min

play_arrow

Theo Croker

Theo Croker live @ Tampere Jazz Happening (FIN)
headphones

60 min

play_arrow

Vijay Iyer Trio

Vijay Iyer Trio live @ Saalfelden Jazz Festival (AT)
headphones

60 min

play_arrow