Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

100komma7.lu / Genuddels a Gejiips

/ Nei Concertsrei am Vantage Bar - Neie Live-Album vum Gilles Grethen

Nei Concertsrei am Vantage Bar - Neie Live-Album vum Gilles Grethen

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den Alain Graf ass deene meeschte bekannt als Batteur a Perkussionist, dee souwuel op der Bün wéi och am Museksunterrecht vill Leit inspiréiert huet. Hien huet awer och rezent eng nei Concertsrei am Vantage House of Music lancéiert, déi de 6. Mäerz mam Olivio Pagliarini Trio feat. Paule Rodesch uleeft.
De Gittarist a Komponist Gilles Grethen, dee mëttlerweil zu Hamburg lieft, presentéiert säin neiste Live-Album "State of Mind", deen den 1. Mäerz erauskënnt a luet op Live-Concerten an der Philharmonie an zu Saarbrécken an.

Playlist:
1. Bill Evans - Beautiful Love
2. JJ Johnson - Swing Spring
3. Tritone Studio Band - Red Clay
4. Gilles Grethen - State of Mind (orchestral Version)
5. Gilles Grethen - Outside
6. Gilles Grethen - Forgetful (Orchestral Version)

Musek
Jazz
mic_none

Presentateuren

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Monk-Ambrose-Jazz Messengers-Kiefer

Haut mat neier an aler Musek vum Thelonious Monk, dem Ambrose Akinmusire, den Jazz Messengers an dem Kiefer.

Den Elmo Hope, den Tenorio Jr. an den Alexander Claffy

Den Thelonious Monk an de Bud Powell kennen déi meescht Jazzfans als Begrënner vum Bebop-Piano. Mee den Elmo Hope hat awer op d'mannst esou eng wichteg Stëmm.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Propulsion a Propulsion Women

D'Compagnie Tangram, ënner der Fiederféierung vum Stéphane Scharlé, huet en neie Programm an d'Liewe geruff fir jonken Jazzmuseker e Stouss an déi richteg Richtung puncto Karriär ze ginn.
headphones

60 min

play_arrow

Fred Hersch- Bill Frisell - Eddie "Lockjaw" Davis

E wonnerbar duussen an déifgrënnege Solo-Album - "Old Main Chapel": posthum e Ron-Miles-Album – En ënnerschaten Tenor-Saxofonist
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Den Shawn Purcell, den Toms Rudzinskis an den John Coltrane

De Gittarist Shawn Purcell huet säi Liewen de sechs Säiten dediéiert - Den Toms Rudzinskis, ee vun den ugesotsten Jazz-Saxofonisten aus dem Baltikum - Live-Opnam vun 1961 vum John Coltrane
headphones

60 min

play_arrow

Dräi Albume vun dräi Generatiounen

"Monk's Dream" als Klassiker, dem Brad Mehldau säin neie Solo-Album mat Beatles Kompositiounen an dem Reinier Baas säin "Deadeye"

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Noruff op de Casey Benjamin an en neie Bass Duo-Album

Mat nëmme 45 Joer ass virun enger Woch de Multi-Instrumentalist Casey Benjamin gestuerwen. Säin Alt-Saxofon, awer virun allem och Vocoder- a Synthesizer-Spill huet d'Leit begeeschtert.
headphones

60 min

play_arrow

Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

Dee verfréiten Doud vum wonnerbare Gittarist huet net nëmmen déi franséisch Jazzzeen gerëselt - D'Gebuertsdagskand Paul Jackson an deen neien Album vum Taylor Eigsti
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

De Constantin Krahmer an deen neien Opus vu Knower

Deen däitsche Pianist erzielt am Interview méi iwwer “Care”, e fuschneien Trio-Album an de Louis Cole an d'Genevieve Artadi hunn am Oktober 23 "Knower Forever" released.
headphones

60 min

play_arrow

Dräi wonnerbar Albumen ausgegruewen, ...

... respektiv frësch aus de Regaler: Deen neisten Album vum Chris Potter, da nach en ale Klassiker vum Pepper Adams an en neien Album vum Joel Ross.
headphones

60 min

play_arrow

Nei Concertsrei am Vantage Bar - Neie Live-Album vum Gilles Grethen

De 6. Mäerz mam Olivio Pagliarini Trio feat. Paule Rodesch - De Gittarist a Komponist presentéiert säin neiste Live-Album "State of Mind"
headphones

60 min

play_arrow