Panorama
Owespanorama
14 min
1. D’LSAP freet eng Spezialkommissioun vun der Chamber, fir Luucht an de Finanzbedruch bei der Caritas ze bréngen. Et gouf och Bedaueren doriwwer, datt déi international Aktivitéiten net kënne virugeféiert ginn
2. Och den Äerzbistum bedauert, datt déi international Aktivitéite vun der Caritas gestoppt ginn. Bei Hëllef um Terrain ass de Bistum net vertrueden
3. Dat vum Minister Claude Meisch ugekënnegt Handyverbuet an der Grondschoul gëtt vun der Chamber-Oppositioun begréisst. Et wier e Schrëtt an déi richteg Richtung
4. 15 Doudesaffer huet de Schloreen a Mëttel- an Osteuropa bis dato gefuerdert. Am meeschte betraff sinn Éisträich, Polen, Tschechien a Rumänien
5. De Sebastian Coe ass wuel de Favorit fir d’Successioun vum Thomas Bach als President vum Internationalen Olympesche Comité. Deen Däitsche gëtt am Mäerz op deem Posten ersat
Presentéiert vum
- Eric Ewald