Panorama
Panorama
10 min
1. D'Josée Lorsché an den Nicolas Hirsch si Spëtzekandidate bei de Gréngen zu Beetebuerg, am Ganze gi siwe Fraen an aacht Männer mat an d'Gemengewalen
2. Nordkorea huet hënt op en Neist zwou Kuerzstreckerakéite getest, si si virun der japanescher Küst an d'Mier gefall. Japan wëllt elo eng urgent Sëtzung vum UN-Sécherhetsrot
3. D'USA warnen, datt China Militärhëllef u Russland géing liwweren, dat fir d'Offensiv an der Ukrain ze ënnerstëtzen. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet awer net erkläert, wourop dës Informatioun zeréckzeféiere wier
4. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken ass haut op Vistt zu Ankara, Äerdbiewenhëllef an de NATO-Bäitrëtt vu Finnland a Schweden dierfte bei de Gespréicher mam President Erdogan Haaptsujete sinn
5. Déi däitsch FiImproduktioun "Im Westen nichts Neues" huet bei de brittesche BAFTA Awards ofgeraumt, d'Neiverfilmung krut siwe Präisser