Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Der Lynn Klemmer hiert "Mechanical eye" an der Cecil's Box

D'Kënschtlerin Lynn Klemmer exploréiert mat Video, Toun, Skulptur, digitalem Geschier d'Marge vu Konzepter, Iddien, fir doriwwer erauszegoen.

De Luxfilmfest 2021 kënnt, esou oder esou

Déi 11. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival (4.-14. Mäerz) gëtt viraussiichtlech eng hybrid (Kino/online), am schlëmmste Fall integral online.

Fuesserie "Jonker an Transitioun": eng Intro

D'Séverine Peiffer verbildlecht mat hirer Foto-Portrait-Expo am Märeler Park perséinlech Transitioune vu Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch.

François a Christian Ben-Aïm

Mat hirer humoristescher Choreographie wëllen déi zwee Bridder dem haarden Alldag eng Liichtegkeet entgéint setzen.

D'Biografie "Karl Lagerfeld. Ein Deutscher in Paris"

Den F.A.Z.-Redakter Alfons Kaiser würdegt de Mouddesigner Karl Lagerfeld an enger Biografie.

Theaterkritik: "Werther"

D'Valerija Berdi an de Michel Delage schwätzen iwwert d'Stéck, dat de leschte Sonndeg am Escher Theater opgefouert gouf, eng Produktioun vum Staatstheater Mainz.

Theaterkritik: "Werther"

Iwwer d'Stéck, dat de leschte Sonndeg am Escher Theater opgeféiert gouf, eng Produktioun vum Staatstheater Mainz.

Facéties am Escher Theater

Eng lieweg a burlesk Choreographie vun de Bridder Christian et François Ben Aïm

De Kierper als Billermaschinn

Déi mënschlech Virstellungskraaft ass eng Maschinn fir Biller ze produzéieren. De Kierper spillt an deem Mechanismus eng fundamental Roll.

D'Bild an de Kierper

Déi mënschlech Virstellungskraaft ass eng Maschinn fir Biller ze produzéieren. De Kierper spillt do eng fundamental Roll, seet de Philosoph Cédric Kayser.

Filmkritik: ''Malcolm & Marie'' (Netflix)

Eng Koppel léisst emol uerdentlech d'Loft eraus: an dësem schwaarz-wäisse psychologesche Huis clos wiessele sech waarm a kal, Roserei an Zäertlechkeet of.

Fabienne Faust - Hier - Ein Fehlen

En neit Gedichtband, erauskomm bei Editions Phi

Expo: Ready. Set. Design. Le décor de cinéma au Luxembourg

Ënner dësem Titel geet dëse Freideg am Cercle Cité eng Expo op, déi sech mam Dekor vum Lëtzebuerger Kino ausenanersetzt.

Buchkritik: Jean Sorrente - "La Guerre du temps" (Hydre Editions)

Wéi d'Kollaboratioun mat den Nazien déi nächst Generatioune belaascht ... An dësem komplexe Roman verschafft den Auteur déi problematesch Geschicht vu senger Famill.

Konscht déi beweegt bei "Figure in Print"

Zanter 1990 sinn am Cabinet d'estampes vun der BNL iwwer 2.000 Gravuren zesummekomm. Hir Schätz weist d'BNL aktuell an enger Expo.

Wien ass d'Leone Muller?

Ënner anerem soll si nom Krich mat der Kings Medal for Service in the Cause of Freedom dekoréiert gi sinn.

Filmkritik: "Pretend it's a city''

New York aus der Vue vun der amerikanescher Intellektueller Fran Lebowitz: dem Martin Scorsese seng dokumentaresch Mini-Serie ass erfrëschend, witzeg an intelligent.

"Me, Family" net just am Mudam

D'Expo "Me, Family", déi am Mudam als zäitgenëssesch Äntwert op "The Family of Man" gewise gi sollt, gouf als online Versioun gerett.

Filmkritik: "Pretend it's a city''

New York aus der Vue vun der amerikanescher Intellektueller Fran Lebowitz: dem Martin Scorsese seng dokumentaresch Mini-Serie ass erfrëschend, witzeg an intelligent.

Pretty in Print: "Figure in Print" an der BNL

Vu Foni Tissen, Joergang 1909, bis Julie Wagener, Joergang 1990: d'Nationalbibliothéik presentéiert d'Grafikdrock-Schätz aus senger Sammlung.