arrow_back_ios
Kultur
Expo: Ready. Set. Design. Le décor de cinéma au Luxembourg
Ënner dem Titel Ready. Set. Design. geet dëse Freideg eng Expo op, déi sech mam Dekor vum Lëtzebuerger Kino ausenanersetzt. Wou gouf hei zu Lëtzebuerg gedréit a wat fir aner Stied huet Lëtzebuerg um groussen Ecran verkierpert? Op dës Froen huet d'Martine Reuter eng Äntwert kritt, ganz um Ufank steet awer d'Genèse vum Projet. Detailer vun der Anouk Weis, Directrice artistique vum Cercle Cité.