Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Bilan LuxFilmFest

De Luxembourg City Film Festival ass gëschter op en Enn gaangen. Anescht ewéi d'lescht Joer ass dës 11. Editioun wéi geplangt iwwert d'Bün gelaf.

Filmkritik: ''Quo vadis, Aida?"

D'Jury vun der Haaptkompetitioun vum LuxFilmFest huet de Krichsdrama vun der Bosnierin Jasmila Žbanić mam Grand Prix fir de beschte Film ausgezeechent.

Ganz frou ouni "Bussi Bussi": De Peter Lohmeyer am Gespréich

Deen däitsche Schauspiller ("Das Wunder von Bern") stoung dës Woch am TNL op der Bün.

Shorts made in/ with Luxembourg

Aacht Lëtzebuerger Kuerzfilmer gi beim Luxembourg City Filmfestival 2021 presentéiert. De Sujet: déi verbassen an zwecklos Sich nom Gléck.

Pas ta mère, pas ta muse, pas ta chose

De Richtung 22 Kënschtlerinne-Bloc huet um Fraestreik 2021 fir d'Gläichberechtegung vu Fraen an der Konschtwelt demonstréiert.

cooperationsART: géint Monotonie fir kreativ Fräiraim

Gewunnechte briechen an nei kënschtleresch Approchë woen: d'Ziler vum Wëlzer Kënschtlerkollektiv cooperationsART fir hir Kufa-Residenz.

"Superspreader" mam Peter Lohmeyer am TNL

A sengem Stéck sicht den Albert Ostermaier no de Responsabele vun der aktueller Pandemie.

De Kënschtlerkollektiv cooperationsART geet nei Weeër

Wärend hirer Residenz an der Escher Kufa hu sech d'Wëlzer Kënschtler vu cooperationsART ee Mount laang kreativ ausgetoobt, Neies getest.

Lancement vum Casino Display

Casino Display heescht en neien Espace fir jonk Kënschtler, deen de Casino Luxembourg elo am renovéierte Konschthaus beim Engel ageweit huet.

Eng sécher Plaz fir cooperationsART

An der Escher Kufa huet de Kënschtlerkollektiv cooperationsART eng sécher Plaz fir ze kreéiere fonnt; Point de départ ass dacks d'Matière.

Luxfilmfest: "Air Conditioner"

Klimaanlagen als leschten Depositär vun der kollektiver Memoire nom Biergerkrich, esou den SF-Zenario am Mëttelpunkt vun dësem angolanesche Kompetitiounsbäitrag.

Claire Parsons

Fraen am Jazz, Feminismus a Gesang: E kuerz Gespréich mat der Lëtzebuerger Musekerin

Kulturassisen Rock-Pop-Electro

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang waren an der Rockhal zwou Table-Ronden iwwer dee Beräich zu Lëtzebuerg. De Kulturministère wëllt d'Acteure vum Secteur verstoen.

Eng Japanerin ze Wien

Si ass eng Operesängerin, mee elo spillt si Theater a leet déi Wiener TheaterArche.

D'CoopérationsART-Kënschtler an der Escher "Squatfabrik"

"To squat" bedeit "an d'Huppe goen". An eng "Squatfabrik" wier e Fitnessstudio? Nee: Räim an der Escher Kufa, déi mat Konscht besat ginn.

Ready. Set. Design.: Venedeg

2001 hunn eng 300 Handwierker bannent e puer Méint zu Esch eng gigantesch Filmkuliss gebaut: d'Reproduktioun vun engem fréiere Venedeg.

Frontalier

Dem Jean Portante säi Monolog inzenéiert vum Frank Hoffmann

Frontalier

Dem Jean Portante säi Monolog inzenéiert vum Frank Hoffmann

Buchkritik: Paul Rauchs - "Virons le virus!" (Capybarabooks)

An dësem ''Essai de journal (dé)confiné" sinn d'Wuertspillereie vum Psychanalyst kee Selbstzweck, mee droen zur Opklärung bäi, mengt de Michel Delage.

Ready. Set. Design: Filmdécore "made in" Lëtzebuerg

D'Professionaliséierung vum Filmsecteur zu Lëtzebuerg huet knapps 40 Joer. D'Expo "Ready. Set. Design." weist di rasant Entwécklung.