Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - Reset

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sequenza: Black Classical Music

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Politesch denken, musikalesch Handelen

Esou schafft dee jonken amerikanesche Geiist Randall Goosby.

De Sheku-Effekt

“Dat kéint ech sinn“ hu sech vill jonk Museker:innen geduecht, nodeems si de Sheku Kanneh-Mason op der Hochzäit vum Prënz Harry gesinn hu spillen.

Chi-Chi Nwanoku

Iwwer de Wee vun der eenzeger Schwaarzer Musekerin an engem engleschen Orchester zur Grënnerin vum Chineke! Orchestra

De Bongani Ndodana-Breen

Mir kucken op Südafrika bei de Komponist Bongani Ndodana-Breen, dee seng Xhosa Kultur afléisse léisst a seng zäitgenëssesch Kompositiounen, déi weltwäit an Optrag gi sinn a gespillt ginn.

Anthony Davis

En afroamerikanesche Operekomponist, dee mat sengen Operen e jonken an diverse Public an d'Concertshaiser lackelt.

Julius Eastman

De Julius Eastman war en exzentreschen an héichbegaabte Museker, dee vill ze frei, quasi onbemierkt a komplett veraarmt, gestuerwen ass.

Leslie Adams

E Portrait iwwer e Komponist, dee mat sengen "Nightsongs" souwuel d'Fachpress, wéi och de Publik faszinéiere konnt.

De Robert Owens

E Pianist a Komponist, deen och nach Schauspiller ass.

Erëmentdeckt: Julia Perry

D'Wierk vun der afroamerikanescher Komponistin gouf an de leschte véier Joer erëmentdeckt, ënner anerem duerch d’Black Lives Matter Beweegung.

E Star, dee mat anere Staren zesummegeschafft huet

Dat spannend Liewe vun der afroamerikanescher Komponistin Margaret Bonds

Avril Coleridge-Taylor

Eng grouss afroenglesch Pianistin, Dirigentin a Komponistin

William Levi Dawson

E Komponist, deen op d'Sich no de Wuerzele vun der traditioneller afrikanescher Musek gaangen ass, an déi a senger eegener Musek verschafft huet.

Den éischten Afroamerikaner a ville Saachen

De William Grant Still war ee Pionéier a ville Beräicher vun der Musek.

Clarence Cameron White

Ee vun de wichtegste Geiiste vum Ufank vum 20. Joerhonnert

Florence Price

D'Florence Price war déi éischt afroamerikanesch Komponistin, där hir Sinfonië vu groussen amerikaneschen Orchesteren opgeféiert goufen.

Samuel Coleridge-Taylor

Dee schwaarze Komponist aus England war e Pionéier an der klassescher Musek.

Deen éischten afroamerikaneschen Operekomponist

Den Harry Lawrence Freeman huet iwwer 20 Opere geschriwwen.

Will Marion Cook

De Will Marion Cook huet an Däitschland Gei studéiert beim grousse Joseph Joachim.

King of Ragtime

De Scott Joplin ass bis haut nach weltberüümt mat senge Ragtimes.