De William Grant Still ass ee vun den éischten Afroamerikaner a sou Villem an dat schonn an den 1930er Joren: deen éischten deem seng 1. Sinfonie vun engem vun de féierenden Orchester vun de Vereente Staate gespillt ginn ass. Hie selwer dirigéiert als éischten ee groussen Orchester an der Hollywood Bowl, seng Oper “Troubled Island” ass déi éischt déi vun engem bekannten Operenhaus opgeféiert gëtt an och als éischt landeswäit am Fernseh ausgestraalt gëtt. Schlussendlech ass hien och nach den éischten afroamerikaneschen Dirigent deen e groussen Orchester an de Südstaate leed. D’Maria Gutierrez erzielt eis vu senger Entwécklung.
arrow_back_ios
Sequenza: Black Classical Music
Den éischten Afroamerikaner a ville Saachen
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maria Guterrez