Woch fir Woch bréngen d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen en neit speziellt Geräisch mat an de Studio a versichen, seng Lienen zu der Geschicht, der Alldagskultur, der Baukonscht, de Vollekstraditiounen ... an der Konscht am allgemengen, palpabel ze maachen. Fräi nom Virbild vum Billeratlas vum grousse Konschthistoriker Aby Warburg. Mir si Samschdeg moien ... c’est l’heure de l’apéro? Hm, deemnächst eventuell, mee fir a Schwong ze komme sinn d’Kerstin an de Joé grad beim Espresso.
arrow_back_ios
Soundatlas
Espresso Beats
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Espresso Beats
Fir eise Soundatlas si mir ganz Ouer fir all Geräischer a Kläng. Wéi botzt oder verfriemt een e Soundschnëppel? A firwat?
Soundatlas 3
Wouhi bréngt eis d’Geräisch dës Kéier?
Soundatlas 2
Déi zweet Episod aus eisem Sound Atlas - Op wéi eng Rees hëlt eis d’Geräisch dës Kéier?
Den éischten Ausfluch
Ouere spëtzen um Kierchbierg lount sech
- 1
- 2