Kultur
Naturgewalten als Museker? Jo, dat kléngt ënner Ëmstänn richteg gutt!
10 min
Wann op de Koppen de Wand bléist oder d’Mierwaasser spruddelt, da sinn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen mat hirem Opnamgerät net wäit. Schliisslech hu si mat hirer Rubrik Soundatlas d’Ambitioun, all méiglech Geräischer a Kläng eenzel fir Iech anzefänken, an eventuell Lienen zu Konscht, Alldagskultur, Wëssenschaften opzeweisen. Allerdéngs ass et bei verschiddene Phenomeener guer net esou evident, se esou an d’Këscht ze kréien, wéi ee se dobaussen héiert ...
Presentéiert vum
- jb-kt_314