De Jos ass natierlech opgereegt, wibbeleg, virwëtzeg, gespaant an och ganz ganz ongedëlleg. Et geet dem Jos net séier genuch, bis si endlech zu Roum sinn. Datt dës Rees op Roum elo fir de Jos an déi ganz Famill onvergiesslech gëtt, kënnt dir iech sécher virstellen. Wann dir elo gespaant a virwëtzeg gi sidd, da lauschtert hei, wat alles esou zu Roum geschitt.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
De Jos an d'Ouschterrees op Roum
Lauschteren
play_arrow
headphones
40 min
Episoden
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt
De Jacques Sanavia ass Luthier oder anescht gesot: e Geiebauer. D‘Suri, d‘Amélie an d‘Lucy ware bis bei hie laanscht a wollte méi iwwer säi Beruff erausfannen.
D’Eloisa a seng Gei
D‘Nora, d‘Anna, d‘Hannah an de Kabeer waren dat jonkt Talent Eloisa Aubert an de Conservatoire besichen. Déi jonk Geiistin huet mat hiren eelef Joer schonn esou munch internationale Concours gewonnen. D’Kannerreporter:inne hunn hir e puer Froe gestallt.
Musek maachen op enger Schalimosflütt
Am nächsten Experiment ronderëm de Knall, Téin a Schall geet et elo ëm den Toun a mat engem Toun kann ee jo och Musek maachen. De Joseph Rodesch baut dofir mat iech zesummen eng Schalimosflütt, op där een duerno och spille kann.
Mir fabrizéieren eng Knupptut
An dësem Experiment geet et elo dorëms eng Knupptut ze bauen, ze falen oder ze fabrizéieren, wéi een et och wëllt soen.
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker
Well d’Kannerradionuecht jo “Eng Nuecht an der Philharmonie“ iwwerschriwwe war, hate mir eis Kannerreporter:innen dohinner geschéckt. Op der Plaz hu sech d’Léonie, d’Charlotte, d’Vickie an de Leo dräi Philharmoniker gekroopt a befrot.
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.
Dëst Joer kënnt de Kannerradionuecht Song vum luk., oder anescht gesot vum Luka Tonnar. Den Titel vum Song ass “Nach en Dag”. D’Paule Rodesch huet mam Luka iwwer d’Realisatioun vu sengem Song geschwat.
E Fest am Wanterbësch
An dëser Déieregeschicht aus dem Wanterbësch hunn d’Déieren aus dem Bësch decidéiert e Fest ze maachen, wat bestëmmt ganz flott gëtt an déi meescht sech drop freeën. Just de Fuuss ass net esou iwwerzeegt, well hien weess nämlech net, wat e Fest ass.
D’Knackint an d’Krickint
Déi Kéier geet et ëm d’Knackint an d’Krickint, déi eng grouss Frëndschaft hunn an decidéiert hunn och de Wanter zesummen ze verbréngen, mee dat wäert awer ... Nee, dat soe mir iech elo net, mee dofir lauschtert gutt no!
Déi zweefaarweg Bëschspëtzmaus an hir Spënnchen
Well et Hierscht ass, sinn Déieren am Bësch amgaange sech op de Wanter ze preparéieren. Mee just déi zweefaarweg Bëschspëtzmaus huet iergendwéi keng Loscht dorobber an huet eppes ganz aneschters wëlles.
Den Hirsch huet den Hals wéi!
An där heiten Déieregeschicht aus dem Wanterbësch geet et ëm en Hirsch, deen, wat jo net vun ongeféier an dëser Joreszäit ass, Halswéi huet. Wéi kann him gehollef ginn?
De Jos a seng grujeleg Halloweennuecht
De Jos, de klenge Lausbouf, deen der schonn eng Zäitche kennt, gëtt ëmmer benzeg wann et Halloween ass. Mä déi Kéier erlieft de Jos awer seng grujelegsten Halloweennuecht. Happy Halloween!
De Mukami an d’Geschicht mat der Geeschterbunn
Et ass d'Zäit vun der Schueberfouer. Natierlech ass de Pit och schonn immens ongedëlleg fir endlech op d’Fouer ze goen an hien hëlt natierlech de Mukami mat. Deen ass ufanks zwar net esou benzeg, mee e Besuch mam Mukami ass jo och keen normale Besuch!
De Jos an d’Saach mam Gaardenhaischen
De Jos a seng Schwëster Nora kréie vun der Mamm d’Missioun, d’Gaardenhaischen, dat si sech schonn esou laang gewënscht hunn, opzeriichten.
D’Pirateband
D’Kanner vum Panda Club hunn eng flott Geschicht iwwer eng Pirateband geschriwwen.
D'Sonn ass glëschtereg op Glace
D'Sonn ass grad eréischt opgestanen an huet immensen Duuscht. Eng Glace géif elo gutt kommen. Mee et ass nach ze fréi dofir, dofir muss se no anere Saache sichen, fir drun ze lecken..
D'Schildkröt Schilli am Äerdbier
D'Schildkröt Schilli ass ganz hongreg op engem schéine Summerdag. Mmmh ... do läit den Doft vu leckeren Äerdbieren an der Loft. Mee wéi kéint d'Schilli dann u si kommen? Gëtt et do een, deen him hëllefe kéint?
Den Äisbier
Beim Louis a Max hirer Geschicht geet ëm en Äisbier.
Dat virwëtzegt Jippelchen
Bei dëser Geschicht vum Zoe geet et ëm e Jippelchen, dat op Ouschterdag op d'Welt koum.
Bëschverschmotzung
Bei dëser Geschicht vum Lina a Jana geet et ëm Bëschverschmotzung.