EU Green Deal Podcast
Demografie a Klimachangement, en Däiwelskrees
12 min
D’Weltpopulatioun huet de Seuil vun 8 Milliarde Mënschen erreecht a se wäert an den nächste 40 Joer weider wuessen. Domat ass et och kloer, datt dat och en Afloss op déi global Emissiounen huet. Méi Mënsche verbrauche méi Ressourcen, produzéiere méi Zäregaser an de Besoin un Iessen a Waasser geet an d’Luucht, wat dann nees Konsequenze fir d’Emissiounen an d’Temperaturerhéijung huet.
Demografesch Verännerunge si laangfristeg Entwécklungen, déi net nëmme wichteg fir eis Demarchen a punkto Reduktioun vun den Zäregasemissioune sinn.
Si si vläicht nach méi relevant am Kontext vun der Gesellschaft sech un de Klimachangement, mat deem mer ewell scho konfrontéiert sinn, un ze passen. Dat ass de Sujet déi Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcats vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.