De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och fir Landwirtschaft a Wunnengsbau wäertvoll. Een Immobilieprojet zu Walfer weist, wéi schwiereg et ass un Terraine fir d'Renaturéierung vun der Uelzecht ze kommen.
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu