Martine Peters Mir hunn e Floss, mee de Mënsch huet en impaktéiert. En huet Stabilisatioune gemaach, en huet e begradescht, fir kënne besser ze bewirtschaften, rechts a lénks.
Jamie Reinert Op hirer gesamter Längt ass d’Uelzecht nach bis wäit an d’20. Joerhonnert eran ëmmer méi riicht, schmuel an déif gemaach ginn. Elo soll dat esou gutt et geet nees réckgängeg gemaach ginn.
Charlotte Bruneau A wat ass dat Zil? Wat wéilt Dir gären erreechen?
Martine Peters De gudden Zoustand vum Gewässer erëm eng Kéier ze kréien. An d'Gewässerqualitéit erëm eng Kéier ze verbesseren.
Jamie Reinert De Floss soll nees méi Plaz zeréckkréien, fir sech kënnen auszebreeden, ze meanderen. An déi Plaz muss de Mënsch nees hierginn.
Martine Peters Well ouni déi Terraine ronderëm, kënne mir natierlech net renaturéieren.
Jamie Reinert De Problem ass: Un Terrainen ass et schwiereg ze kommen.
François Sauber Dat war absolutt ze deier. Dat waren zwee Terrainen, dat war net ze bezuelen.
Alex Donnersbach Also ech soen opgeronnt 40 Millioune fir déi zwee Terrainen.
Jamie Reinert Ass d’Uelzecht nach ze retten? A wéi ka se renaturéiert ginn, wann Terrainen och fir Logement a Landwirtschaft scho knapp sinn?
Mäin Numm ass Jamie Reinert an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. “Iwwerfloss” heescht eis Serie an där d’Charlotte Bruneau an d’Pia Oppel der Uelzecht op d’Spuer ginn.
Episod 4: Stad, Land, Floss
Charlotte, Pia, Renaturéierunge gi gemaach, fir d’Gewässerqualitéit ze verbesseren. Mee wéi funktionéiert dat genee - also firwat gëtt d’Uelzecht méi propper, wa se nees méi Plaz huet a méi natierlech fléisst?
Pia Oppel Fir dorobber ze äntwerten, gi mir am Beschten direkt bei d’Uelzecht selwer. An zwar zeréck op Walfer, wou dës Episod och ugefaangen huet. Do ass d’Uelzecht nämlech plazeweis scho renaturéiert ginn.
Charlotte Bruneau Ech hunn eng Klass aus der Akerbauschoul begleet fir eng Visitt vun där éischter grousser Renaturéierung vun der Uelzecht, déi ufanks den 2000er tëschent Walfer a Steesel realiséiert gouf.
Martine Peters Dat heescht, et sinn zwee an en hallwe Kilometer, wat mir maachen. Dat ass, mir bleiwen op esou fënnef Statiounen hei.
Also mäin Numm ass Martine Peters. Ech schaffe bei der Waasserverwaltung. A mir ginn elo an d'Uelzecht d’Renaturéierung zwëscht Walfer a Steesel kucken.
Charlotte Bruneau Mee als éischt huet d’Martine Peters mol getest, wéi gutt d’Schülerinnen a Schüler iwwer den Zoustand vun der Uelzecht Bescheed wëssen.
Martine Peters An hei, wou ass eise Spezialist vun der Uelzecht? Ah, do, wéi ass d'Qualitéit vum Gewässer hei? Du hues a sech fënnef Chancë fir richteg ze leien.
Also, déi fënnef Faarwen. A wéi enger Faarf ass et? Et gëtt rout, orange, giel, gréng a blo. Et ass net gréng a blo.
Schüler Nee. Dann éischter esou Orange-Giel, eh Orange-Rout.
Martine Peters Rout, jo. Mir sinn am roude Beräich, leider. Dat heescht, wouduerch kann een dat erklären? A sech hu mir et schonn e bësse gesinn. Dat sinn all déi Pressiounen, déi mir op der Uelzecht hunn.
Charlotte Bruneau Dozou gehéiere virop d’Kläranlagen an d’Landwirtschaft, dat hu mir hei scho beschwat. Och, datt doduerch de Sauerstoffgehalt am Waasser erofgeet, wat fir Déieren a Planze geféierlech ass.
Pia Oppel An eng Renaturéierung dréit ënner anerem dozou bäi, datt d’Waasser méi Sauerstoff kann ophuelen a sech doduerch da selwer besser ka rengegen, also verschidde Substanze kann ofbauen. Mee eent nom aneren.
Martine Peters Voilà dat heescht, firwat fänke mir hei un, ganz einfach, well mir hei an der Limitt sinn zwëschent der net-renaturéierter Uelzecht an dann den Deel, dee renaturéiert ass.
Charlotte Bruneau Op der enger Säit ass d’Uelzecht schmuel, riicht an déif.
Martine Peters An da vergläicht een dat mat deem Deel ënnen. Elo gesäit een natierlech, datt mir éischtens mol en Entwécklungskorridor hunn. Dat heescht, mir ginn der Uelzecht vill méi Plaz schonn direkt. Mir gesinn, datt Säitenäerm do sinn. Mir gesinn, datt Strukturen do sinn.
Pia Oppel Strukturen, dat kënne vill Saache sinn: méi flaach Zonen, méi déif Beräicher, Bänke mat Sand oder klenge Steng, Vegetatioun um Bord, oder och Elementer, déi d’Stréimung oflenken.
Martine Peters Dat ass wierklech de Mënsch, dee probéiert dann dat nozemaachen, wat normalweis do wier.
Charlotte Bruneau Dat suergt dofir, datt de Floss sech anescht beweegt, wéi an engem riichte Kanal. D’Waasser gëtt méi opgewirbelt - an et ka méi Sauerstoff ophuelen.
Pia Oppel De Floss kritt och ee méi groussen Uferberäich, deen dann da mol méi a mol manner wäit iwwerflut ass. Esou entsti méi divers Liewensraim, fir datt Déieren a Planzen hir Nische kënne fannen.
Martine Peters Mir gesinn a mir héieren, wéi et sech evoluéiert huet. Dat heescht, datt verschidden Aarten zeréckkomm sinn.
Charlotte Bruneau An de Waasserpeegel ass duerch d’Renaturéierung elo hei zu Walfer méi niddereg.
Martine Peters Op verschiddene Plazen hu mir wierklech eng Senkung vu 25 Zentimeter am Héichwaasser-Fall.
Charlotte Bruneau D’Uelzecht ass also manner héich. Si ka sech ausbreeden, well d’Flossbett an den Uferberäich méi Plaz bidden.
Pia Oppel Dat ass ee wichtege Punkt. Am Idealfall kann eng Renaturéierung och zum Héichwaasserschutz bäidroen.
Martine Peters Mee mir setzen de Risiko nëmmen erof. Et ass net esou, datt mir renaturéieren an dann duerno huet ee kee Waasser méi am Haus. Dat ass wierklech nach eppes Wichteges.
Charlotte Bruneau Dacks ass et awer d’Argument vum Héichwaasserschutz, dat et erlaabt fir Renaturéierungsprojete virunzedreiwen. Och zu Walfer ass et esou gaangen.
Martine Peters Dat heescht, 93-95 si vill Héichwaasser ginn. A Suite dozou ass du gesot ginn, okay, mir mussen iergendwéi eppes maachen, fir déi Situatioun ze verbesseren. Duerno sinn déi éischt Renaturéierunge gemaach ginn.
Jamie Reinert Am Idealfall ass eng Renaturéierung also ee Win-win fir Mënsch an Natur. Wou ass d’Uelzecht da bis ewell scho renaturéiert ginn?
Pia Oppel Also et ginn nieft Walfer nach eng Rei aner Plazen, wou dat scho geschitt ass, notamment zu Schëffleng. Mee de Bilan bleift bescheiden. Zënter den 90er goufen eréischt eng fënnef Kilometer realiséiert.
Charlotte Bruneau Et ass also nach vill ze maachen: et gëtt envisagéiert op d’mannst nach ronn 20 Kilometer ze renaturéieren. Ënner anerem zu Esch, Beetebuerg, zu Steesel, Lëntgen, Miersch an zu Ettelbréck.
Pia Oppel Mee déi Projete komme just lues virun. An heiansdo och guer net.
Jamie Reinert Bis elo ware mir jo dann effektiv am Schleekentempo ënnerwee.
Pia Oppel Jo, also wann een an deem Rhythmus weidermécht wéi bis elo, da géif et nach iwwer 100 Joer daueren, fir mat deene Projete fäerdeg ze ginn.
Jamie Reinert An eng Ursaach fir dee luese Fortschrëtt hate mir ufanks schonn erwäänt. Fir eng Renaturéierung brauch ee Plaz. An un Terrainen ass et schwéier ze kommen. Wourunner scheitert dat genee?
Charlotte Bruneau Fir dat un engem Beispill ze beliichten, sollte mir zeréck op Walfer. Well do gouf d’Uelzecht op enger kuerzer Streck matten am Duerfkär nach net renaturéiert.
Pia Oppel An d’Gemeng wëllt dat awer nach ëmmer maachen.
Jamie Reinert Firwat ass dat dann nach net geschitt?
Pia Oppel Well Proprietäre vun deenen Terrainen deemools, ufanks den 2000er, wéi déi grouss Renaturéierung gemaach gouf, net wollten un d’Gemeng verkafen.
Charlotte Bruneau Amplaz huet da spéiderhin ee Promoteur hei Terraine kaf. Op den Olen heescht d’Plaz.
Pia Oppel An elo entsteet hei ee groussen Immobilieprojet. Ee Projet, deen d’Gemeng laang versicht huet ze verhënneren. Eben och well se d’Uelzecht hei gäre wéilt renaturéieren.
Geoffroy Bertrand Nous sommes au milieu de Walferdange, en plein cœur de la commune, le long de la route de Luxembourg et à proximité également de la rue de Steinsel. Nous sommes le long d'Alzette et donc c'est une immense prairie. Effectivement, aujoud’hui c’est un espace agricole. Pour être précis c'est deux hectares vingt-cinq que nous maîtrisons avec la société.
Pia Oppel Fir iwwer den Immobilieprojet a seng schwiereg Entsteeungsgeschicht ze schwätzen, hunn ech de Promoteur op der Plaz getraff.
Geoffroy Bertrand Je suis Geoffroy Bertrand, le country director ou directeur de BesixRed Luxembourg. Je suis le promoteur de ce projet, le représentant de la société qui développe le projet ici.
Pia Oppel Est-ce que vous pouvez dire quelques mots sur BesixRed, c'est quoi comme entreprise?
Geoffrey Bertrand Besixred est une entreprise de promotion immobilière, nous sommes pan-européens. Enfin, historiquement c'est une société d'origine belge.
Pia Oppel Et huet déi Deeg virdru gereent. D’Wiss, op där mir stinn, ass naass.
Geoffroy Bertrand Peut-être qu'ici on va s'arrêter, il y a un peu d'eau.
Charlotte Bruneau BesixRed huet fir de Projet zwee Terrainen opkaf. Dat war 2017-18. Eng Zäit, wou d’Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg all Joer massiv geklomme sinn. An d’Präisser vun den Terrainen och.
Geoffroy Bertrand Tout s'enflammait puisque les opportunités foncières ne sont quand même pas énormes. Et donc le foncier étant très recherché, les prix étaient effectivement à la hausse à cette époque-là.
Pia Oppel Terrainen zu Walfer, mat Ausbléck an d’Gréngs, direkt bei der Stad, dat ass eng Opportunitéit, déi BesixRed sech net wëllt entgoe loossen.
Geoffroy Bertrand On s'est dit, la localisation de Walferdange, topissime, c'est bingo.
Charlotte Bruneau De Promoteur ass bereet déif an d’Täsch ze gräifen: Fir am Ganze bal 40 Milliounen Euro keeft d’Firma déi ronn 2 Hektar Wiss vun zwou Famillen.
Pia Oppel Op den Olen ass genuch Plaz fir 240 Wunnunitéiten, esou den initiale Plang vu BesixRed.
Geoffroy Bertrand Je prends toujours le terme, c'est un terme latin. Mais j'adore ce petit terme qui est le genius loci, qui est donc le génie du lieu. Et donc c'est un élément, qui est primordial pour nous.
Pia Oppel Et le génie du lieu ici, c'était?
Geoffroy Bertrand Alors, le génie du lieu ici est inévitablement la proximité de l'Alzette. Il se fait qu’un cours d'eau apporte toujours une quiétude, apporte une sensation de bien-être.
Charlotte Bruneau Mee d’Uelzecht bréngt fir de Promoteur och eng ganz Rei Complicatioune mat sech. Bal hätt hei guer net kënne gebaut ginn. Ee Risiko, mat deem ze rechne war.
Geoffroy Bertrand C'est vrai que pour nous on savait, qu'il y avait un risque parce qu'on connaissait très bien l'historique. Entre autres des inondations de 1995. Tout le secteur était complètement inondé. Et c’est resté dans les mémoires des habitants et des régionaux.
Pia Oppel D’Héichwaasser vu Januar 95, grad wéi vun 93 a 94, déi spillen eng grouss Roll an dëser Geschicht. Net just wéinst deem, wat d’Martine Peters virdru sot, also datt d’Uelzecht zu Walfer dann zu engem groussen Deel renaturéiert gëtt.
Charlotte Bruneau Mee och well d’Iwwerschwemmungen eng Diskussioun provozéiert hunn, iwwer den Ëmgank mat Bauland laanscht Flëss.
Jamie Reinert Mir mussen also eng kleng Zäitrees maachen. Wat genee war lass an den 90er?
Pia Oppel Wéinst deenen heefegen Iwwerschwemmungen, déi Schied a Milliounenhéicht mat sech bruecht hunn, ass d’Opreegung grouss. Eng Biergerinitiativ entsteet a fuerdert landeswäit ee besseren Héichwaasserschutz.
Pol Urbany Mir fäerten all Joers fir ons Haiser. Mir fäerten, datt all Joers dat do kann erëm geschéien.
Charlotte Bruneau An de Medien - och um Radio 100,7 - gouf eng méiglech Ursaach fir d’Ausmooss vun den Iwwerschwemmungen ëmmer nees genannt.
Marc Thoma Déi ongehemmte Bebauung net nëmmen am Uelzechtdall selwer, mee och zum Beispill um Kierchbierger Plateau, droen duerch déi staark Buedemversigelung zu enger Verschäerfung vun der Situatioun bäi.
Jamie Reinert A wéi huet d’Regierung dorobber reagéiert?
Charlotte Bruneau Ma den Dossier lant um Dësch vum Alex Bodry. Den LSAP-Politiker war an den 90er Landesplanungsminister.
Alex Bodry Ech mengen d'Landesplanung war e bëssen en zahnlosen Tiger.
Charlotte Bruneau An den Alex Bodry huet versicht dorunner eppes ze änneren, wéi aus Zeitungsartikele vun deemools ervirgeet.
Pia Oppel Den zweeten Artikel, deen Dir do leien hutt, vum Lëtzebuerger Land, do kënnt Dir, wann Dir wëllt, kuerz den Titel an den Ënnertitel virliesen.
Alex Bodry “Lehren aus der Hochwasserkatastrophe”. Mat Fragezeichen. “Überschwemmgebiete sollen künftig ausgewiesen werden.”
Pia Oppel D’Regierung huet entscheet fir 25 Quadratkilometer uechter d’Land als Iwwerschwemmungszonen ze deklaréieren. Dorënner zéng Hektar Bauland, wou dann am Prinzip net méi erlaabt war ze bauen.
Charlotte Bruneau Grad wat d’Bauland ugeet, eng zimmlech gewoten Approche.
Pia Oppel An d'Land schreift dann an deem Artikel dozou: D'Jurisprudenz an esou Sträitfäll géif leider staark d'Proprietäre bevirdeelegen, huet de Minister Alex Bodry an der Pressekonferenz betount.
Alex Bodry Recht hat en.
Jamie Reinert An d’Terrainen zu Walfer, wou elo de groussen Immobilieprojet realiséiert gëtt, déi waren och vun deenen Decisiounen an den 90er betraff?
Charlotte Bruneau Jo, ee groussherzoglecht Reglement vun 1998 hat och d’Terrainen Op den Olen am Viséier.
Jamie Reinert An zu Walfer huet kee sech beschwéiert iwwer dës Decisioun?
Pia Oppel Nee, dat ass eréischt 2009 geschitt. Wéi d’Gemeng déi Terrainen dann och an hirem Bebauungsplang offiziell als net bebaubar deklaréiert huet.
Jamie Reinert Also 11 Joer méi spéit. An dës Kéier reagéieren d’Proprietären dann awer, well si net averstane sinn?
Charlotte Bruneau Genee, si gi viru Geriicht. Si wëllen, datt Op den Olen zu Walfer dierf gebaut ginn.
Pia Oppel Den Héichwaasserrisiko wier do net grouss genuch, fir esou eng Entwäertung vu Bauland am Duerfkär ze justifiéieren, esou een Argument vun de Proprietären.
Jamie Reinert D’Proprietäre ginn also viru Geriicht, fir datt op hirem Terrain ka gebaut ginn. A wat seet de Riichter?
Pia Oppel E gëtt de Proprietäre Recht. Dat Reglement vun 1998, op dat d’Gemeng sech beruff huet, ma dat Reglement wier illegal.
Charlotte Bruneau Mat esou Néierlage viru Geriicht hat den Alex Bodry jo gerechent. Awer net esou spéit.
Alex Bodry Wat droleg ass, datt dat no esou laanger Zäit eigentlech nach esou fundamental eigentlech kann a Fro gestallt ginn.
Charlotte Bruneau Mee d’Decisioun gouf 2012 esou och an zweeter Instanz confirméiert.
Alex Bodry Et ass natierlech e Reflet natierlech och vun deem immens héije Stellewäert, deen den Droit de propriété huet.
Pia Oppel An anere Wierder: Fir mat enger Ëmklasséierung vu Bauland viru Geriicht duerchzekommen, brauch ee besser Argumenter wéi den Héichwaasserschutz.
Charlotte Bruneau D’Politik huet deem Rechnung gedroen: dem Alex Bodry seng Reglementer aus den 90er sinn 2015 alleguer abrogéiert ginn. Hautdesdaags kann ënner Oploen an Iwwerschwemmungszone gebaut ginn.
Jamie Reinert A mat all deem ass da kloer, et kann och op deenen Terrainen zu Walfer, fir déi mir eis hei interesséieren, gebaut ginn. Dowéinst si se da jo och un e Promoteur verkaf ginn. Pia, du hues den Interview mam Promoteur elo awer rezent op enger grénger Wiss gemaach ... an net op engem Chantier. Firwat ass nach näischt geschitt?
Pia Oppel Well d’Gemeng all déi Joren nach aner Weeër gesicht huet, fir datt Op den Olen trotzdeem net ka gebaut ginn. Nach ëmmer an der Hoffnung fir d’Uelzecht hei kënnen ze renaturéieren.
Charlotte Bruneau Mee déi Versich scheiteren och viru Geriicht. Dat lescht Wuert gëtt 2022 geschwat. Also méi wéi zéng Joer nodeems de Justizsträit ëm dës Terrainen ugefaangen huet.
Jamie Reinert An huet de Promoteur dann elo mat deem leschten Urteel vun 2022 fräi Hand fir ze bauen?
Pia Oppel Nach ëmmer net ganz, well d’Gemeng huet dann amplaz versicht fir d’Envergure vum Projet ze limitéieren. Fir datt manner Fläch versigelt gëtt. A fir datt eng Renaturéierung eventuell awer nach méiglech ass.
Pia Oppel Moien, Pia Oppel vum 100,7. Ech hunn e Rendez-vous mam Schäfferot fir en Interview. Sinn ech do am richtege Gebai?
Charlotte Bruneau De Walfer Schäfferot war iwwerzeegt, datt e gutt Argumenter op senger Säit hat: Am Juli 2021 stoung Walfer nämlech nees ënner Waasser.
Pia Oppel Och d’Terrainen Op den Olen.
Jessie Thill An ech mengen et war souguer deen Dag selwer, wou mir nach e Rendez-vous och mat hinnen als Promoteur haten. A wou et dunn ugefaangen huet mat därmoosse reenen an esou. An, jo, den Dag drop stoung, also an der Nuecht, stoung den Terrain ganz ënner Waasser. Voilà, wou een einfach, ech denken, genee gesinn huet, datt eebe grad och eis, eis Ängschten, eis Doleancë ganz begrënnt sinn.
Pia Oppel D’Jessie Thill ass fir déi gréng am Walfer Schäfferot. Schäffen ass nieft hir nach den Alex Donnersbach vun der CSV.
Alex Donnersbach An dowéinst hu mir dann och decidéiert, datt mir en Opruff maachen, wou mir de Bierger iwwer dee Projet opgekläert hunn, als politesch Parteien dee Moment a gesot, voilà: wann Dir eis wëllt hëllefen, dee Projet zum Besseren ze bréngen, da maacht wannechgelift eng Reklamatioun.
Charlotte Bruneau D’Gemeng huet also no politesche Léisunge gesicht, nodeems se juristesch gescheitert ass. D’Awunner suivéieren dem Opruff vun der Walfer CSV an deene Gréngen. Bal 300 Reklamatioune kommen eran.
Pia Oppel Hutt Dir nach eng Reklamatioun, déi ee kuerz kann zitéieren, e puer Wierder?
Alex Donnersbach Soll ech hei déi éischt zwee Sätz soen?
Am Juli ‘21 (...) hu mir all gesinn, datt eng Bebauung vu Wisen, déi bei Héichwaasser ëmmer iwwerschwemmt ginn, keng gutt Iddi ass.
Jamie Reinert An, wat bréngen dës Reklamatiounen dem Walfer Schäfferot dann a senge Verhandlunge mat BesixRed?
Pia Oppel De Promoteur huet misse weisen, datt en d’Awänn Eescht hëlt. Et sinn zousätzlech Etüde gemaach ginn. Mam Resultat, datt de Projet effektiv elo manner Fläch versigelt.
Charlotte Bruneau A bei Staarkreen soll d’Waasser kënne besser offléissen.
Jessie Thill D'Gebaier goufe geréckelt. Et ass eng Residenz, déi ewechgefall ass. Déi maachen, datt dee Fléisswee vum Staarkreen garantéiert ass.
Charlotte Bruneau D’Konsequenz ass, datt elo da just nach 130 Wunnunitéite gebaut ginn, iwwer 100 manner wéi ursprünglech geplangt.
Pia Oppel Wat natierlech dann am Hibléck op een aneren dréngende Problem am Land, nämlech d’Logementskris, eng schlecht Nouvelle ass.
Alex Donnersbach Mee et ass ëmmer herno eng Fro vun, wéi vill ass ze vill. An da muss een et ofweie par rapport zu deenen anere Risiken, wéi Héichwaasser.
François Sauber Esou, Dir Dammen an Dir Hären, et ass sechs Auer, pünktlech. Ech begréissen Iech alleguerten. Ech begréissen ons Zuschauer. Ech begréissen och d'Press.
Pia Oppel Am Januar 2026 stëmmt de Gemengerot iwwer de Projet of.
François Sauber Gutt, da komme mir zum Punkt 7. Do hu mir de Projet Olen.
Charlotte Bruneau De Buergermeeschter François Sauber a seng zwee Schäffe maachen nach emol den Historique vum Projet.
François Sauber Ech mengen, Dir kennt de Projet, deen dauert scho ganz laang, dee war zimmlech komplizéiert.
Pia Oppel De Kompromëss, dee fonnt gouf, suergt net fir Begeeschterung. D’Reaktioune vun der Oppositioun wierken éischter resignéiert.
Guy Arendt Also et geet schonn op ee laange Baart.
François Sabuer Ee ganz laangen, jo.
Guy Arendt An, bon, ech mengen elo kann ee vun deem Agencement halen, wat ee wëllt. Mee ech mengen, a priori gesäit dat awer propper aus. A mir kënnen domadder liewen.
Et ass just Schued, elo gesinn déi an der Rue de Steinsel keng Kéi méi.
François Sauber Gutt, wann elo keng Froe méi sinn, da géif ech dat zum Vott ginn. Wien ass en faveur vum Projet, fir deen ze adoptéieren?
Alleguer. Ech soen Iech villmools Merci.
Jamie Reinert De Staat an och d’Gemeng Walfer hunn also laang probéiert eng Bebauung Op den Olen ze verhënneren. Mee dës Beméiunge si viru Geriicht gescheitert. Amplaz ass de Projet da verklengert ginn a krut elo gréng Luucht. Mee, Pia, Charlotte, Dir hat dat scho puermol erwäänt, d’Gemeng huet d’Hoffnung net opginn, datt d’Uelzecht trotzdeem op där Plaz nach ka weider renaturéiert ginn - ass dat dann elo iwwerhaapt nach méiglech?
Pia Oppel Ma doriwwer hunn d’Gemeng an de Promoteur och verhandelt: A fir datt d’Uelzecht op deem Tronçon am Kär vu Walfer kéint renaturéiert ginn, léisst de Wunnprojet elo effektiv dem Floss bëssi méi Plaz.
Geoffroy Bertrand C'est que notre bâtiment était relativement parallèle dans les premières projections que nous avions faites à l'Alzette.
Pia Oppel Mir sinn nach emol mam Geoffroy Bertrand vu BesixRed zeréck op där naasser Wiss zu Walfer.
Geoffroy Bertrand Dans les différentes discussions que nous avons eues avec les autorités communales ils nous ont demandé d'ouvrir.
Charlotte Bruneau Elo ass geplangt, datt eent vun den Appartementshaiser net méi riicht laanscht d’Uelzecht gebaut gëtt, mee sech amplaz liicht vum Floss ofneigt.
Geoffroy Bertrand La commune nous a demandé également de prendre quelques mètres en plus de distance.
Pia Oppel Alles dat, fir datt da flossofwäerts nieft dem Wunnprojet nach kéint eng Renaturéierung gemaach ginn.
Jamie Reinert An do ass nach Plaz?
Pia Oppel Nach grad genuch, fir datt d’Uelzecht hei ee méi breet Flossbett kéint kréien, a fir och eng Schläif ze zéien. Amplaz datt se wéi elo den Ament da ganz riicht an engem enke Kanal laanscht fléisst.
Charlotte Bruneau Hei si Wisen, déi landwirtschaftlech genotzt ginn.
Pia Oppel Déi Wise gi fir de Projet gebraucht. Mee si gehéieren der Gemeng nach ëmmer net.
Jamie Reinert Si misst déi Terrainen dann also nach kafen, fir kënnen der Uelzecht méi Plaz ze ginn?
Charlotte Bruneau Genee, dat hat d’Gemeng jo och ufanks den 2000er scho versicht. Ouni Succès.
Pia Oppel Proprietär vun deene Wisen ass déi selwecht Famill, déi ee vun den Nopesch-Terrainen u BesixRed verkaf huet. Mee dat heescht net, datt se elo bereet ass hir aner Wisen un d’Gemeng ze verkafen.
Jamie Reinert D’Gemeng muss also nach emol Iwwerzeegungsaarbecht leeschten. A wéi geet dat doten elo aus?
Charlotte Bruneau Aktuelle Stand ass, datt Verhandlungen tëschent der Gemeng an de Proprietäre lafen.
Pia Oppel Wéi vill kënnt Dir soen, sidd Dir optimistesch, datt dat zäitno klappt? Oder ass et fréi sech dozou ze äusseren?
Jessie Thill Ech mengen, et ass ze fréi.
François Sauber Et ass e bësse fréi, fir dat ze soen. Ech soen ëmmer, wann een Terraine keeft, also wann ee se bis huet, da kann ee soen, okay, elo kënne mir dermat schaffen. Fir d'éischt muss ee se hunn.
Jamie Reinert A wat seet d’Famill, där den Terrain gehéiert?
Pia Oppel Mir hu si kontaktéiert, mee si wollte sech zu all deem net äusseren.
Charlotte Bruneau 26 Joer nodeems d’Renaturéierung zu Walfer ugefaangen huet, bleift et also ongewëss, ob et dann dës Kéier geléngt, de Projet ofzeschléissen.
Jamie Reinert Mir haten dat virdrun erwäänt: zënter den 90er konnten eréischt ronn 5 Kilometer vun der Uelzecht renaturéiert ginn. Eng 20 Kilometer sinn nach geplangt. Ass et dann iwwerall esou komplizéiert wéi zu Walfer?
Charlotte Bruneau Also de Constat ass kloer, datt et immens lues virugeet. An och wann et vu Projet zu Projet Ënnerscheeder ginn, d’Terraine sinn dacks ee vun de Grënn, firwat et laang dauert, oder guer net virugeet.
Pia Oppel En anere Problem ass, datt et bei de Renaturéierunge keng verbindlech Ziler gëtt. An datt d’Zoustännegkeet tëschent Staat a Gemengen net kloer gereegelt ass. Zu där Conclusioun kënnt d’Waasserverwaltung selwer an engem Rapport.
Charlotte Bruneau Wann d’Uelzecht an och déi aner Flëss am Land sollen ee gudden Zoustand erreechen, da schéngt Weidermaache wéi bis elo wuel keng Optioun.
Jamie Reinert Der Uelzecht nees Plaz zeréckginn ass schwiereg: well de Mënsch déi Plaz fir sech an Usproch hëlt. An der nächster Episod geet et ëm een anere Verdeelungskampf.
Pia Oppel An zwar ëm d’Grondwaasser
Charlotte Bruneau An ëm d’Fro, wéi Mënsch an Natur sech dës kostbar an endlech Ressource deelen.
Pia Oppel A weider. D'nächst Etapp ass?
David Viaggi Ma da géife mir elo nach bei d'Mille fueren, wou de Pëtz Neumann dann ass. An da mengen ech ...
Pia Oppel An da musse mir bei Google.
David Viaggi Da gi mir bei Google, jo genee.
Jamie Reinert Charlotte, Pia, bis nächst Woch!
Charlotte Bruneau Bis e Méindeg, Jamie.
Pia Oppel A Merci.
Jamie Reinert Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau a vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler.
Sound-Design a Musek vu mir Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Merci eisem Archivist Gilles Schreurs fir d’Tounmaterial aus den 90er.
Fir keng Episod ze verpassen, abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.