Voix d'auteurs
Ingrid Glowacki
56 min
Déi jonk Schrëftstellerin Ingrid Glowacki an hiren éischte Roman "La poète aux mains noires" sinn d’Gäscht vum Jean Portante. Am Roman geet et ëm eng Fra am 19. Joerhonnert, Marie Talbot ass ee vun hiren Nimm, déi, well si eng Fra war, a vu ganz bescheidener sozialer Hierkonft, am Schiet bliwwen ass a bal vergiess gouf, obscho si eng wonnerbar Sculptrice war. Mee opgepasst, et handelt sech bei dësem Roman net ëm eng banal Biographie, well ee bal näischt weess vun der Marie Talbot, an alles also nei erfonnt huet misse ginn.