An dësen Episoden vu Vital lo iwwer de Summer, geet et ëm Alldagsfroen, an dozou ginn et passend praktesch Rotschléi.
Mir stellen d ‘Fro, wat ass wierklech gesond, wat ass just en Trend, ouni Fong? Wat mécht Sënn, a wierkt positiv op eist Wuelbefannen? D’Ernärungsberoderinne Lis Muller a Stéphanie Rosquin, gi kloer Äntwerten op Froen déi dir iech sécher scho mol gestallt hutt.
An dëser Episode geet et bei der Stépahnie Rosquin ëm d'Fro vun de Proteinnen an den Hype vum Muskel Opbau, wat ass do drunn? A wat gëtt gesot an deem Kontext och mam oofhuelen, bedeite mei Proteinnen, manner Kalorien?