100komma7.lu / Vital

/ Mir ginn un d‘Mier an entdecke Blue Food - 5/6

Mir ginn un d‘Mier an entdecke Blue Food - 5/6

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

5 min

Wéi kënne mir op eng einfach a flott Fassong Fësch an eng gesond Ernärung abauen?

Wéi wäertvoll Fësch a Mieresfriichten an enger gesonder Ernärung sinn, hu mir an de leschten Episode gesinn. Mee wéi kënne mir se op eng gesond Manéier einfach a séier zoubereeden, woubäi natierlech de Pleséier um Fëschiessen net dierf feelen.


Gekacht gëtt mat der Ernärunsgberoderin Lis Muller:

"Fir datt de Fësch seng wäertvoll Inhaltsstoffer beim Zoubereede behält, muss een oppassen, wéi eng Method een uwennt. Wann Dir déifgefruere Fësch verschafft, da loosst e fir d‘éischt entdeeën. Platen bei deenen d’Närstoffer vum Fësch maximal erhale bleiwen, sinn déi an der Papillotte oder gedämpt zoubereet a mat Kraider wéi z. B. Estragon, Dëll gewierzt.

Fir um Barbecue eegent sech Thon, Saumon oder Scampien aus nohaltegem Bestand, als Steak gegrillt oder Scampie mat Knuewelek a Péiterséileg marinéiert op engem Spiiss mat Peffer, Olivenueleg an Zitroun, e bësse Salz Rosmarin oder Thymian wierzen.

Wann Dir Fëschreschter hutt, kënnen déi ganz gutt an engem Fëschgratin mat Tomaten a Fenchel, enger Fëschzopp mat Rouille, enger Quiche mat Poretten oder engem Wok mat Fësch an asiatesche Gewierzer verschafft ginn.

An der kaler Summerkiche ka Fësch gutt amplaz vu Fleesch zoubereet ginn. Thon au naturel an enger Salade niçoise, gereechert Makréil am Ganzen oder als Rillette a mat gemixte Réidercher a Jughurt vermëscht, oder eng gereechert Frell. Ganz beléift sinn och Fëschhamburger mat enger gemëschten Zalot."


Referenzen:

Ducasse, A., & Neyrot, P. (2011) Nature simple, sain et bon Mers et océans pêche responsable. Alain Ducasse

Orieux, G. (2025). Cuisiner la mer - Editions de la Martinière.

Santé, C. S. (2025, juin 17) https://www.hgr-css.be/fr/avis/9805-9807/recommandations-alimentaires-pour-la-population-belge-2025

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 7/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 7/7

E gesond Moiesiessen - vun der Theorie an d‘Praxis
headphones

5 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 6/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 6/7

Kulinaresches aus aller Welt op Ärem Brunch : Smörrebröd, Pho oder Rüblimuffin
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 5/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 5/7

Eng gutt Botterschmier mat Gebeess, Kéis oder Ham
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 4/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 4/7

Spigelee, haart gekachtent Ee oder Eeërtriwwel mat Speck ...
headphones

3 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 3/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 3/7

Téi, Schoki, Kaffi oder Cappuccino ...: Villerlee waarmt Gedrénks aus aller Welt um Kaffisdësch
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 2/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 2/7

Pancakes for breakfast
headphones

4 min

play_arrow
Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 1/7 | © Bigstock

Gesond früstücke fir e gudde Start an den Dag - 1/7

Müsli a Co
headphones

4 min

play_arrow

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 3/3

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 3/3

Falafel, Aquafaba oder Humus: Kicherierbesse bréngen en Hauch vun Exotik op de gesonden Teller.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 2/3 | © Bigstock

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 2/3

Entdeckt gedréchent Bounen aus aller Welt, vun der Entrée bis bei den Dessert.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 1/3 | © Bigstock

Eng Rees an d'Welt vun de Leguminosen - 1/3

De Kaviar vun de Leguminosen: d’Belugalënsen
headphones

5 min

play_arrow

Ofspecken net nëmmen am Summer - 6/6

Ofspecken net nëmmen am Summer - 6/6

Fitnesstipps fir den Alldag
headphones

4 min

play_arrow
Ofspecken net nëmmen am Summer - 5/6

Ofspecken net nëmmen am Summer - 5/6

Gesond Snacke fir aktiv Leit a Sportler
headphones

4 min

play_arrow
Ofspecken net nëmmen am Summer  - 4/6

Ofspecken net nëmmen am Summer - 4/6

Kuelenhydrater als wichteg Energiequell
headphones

4 min

play_arrow

Ofspecken net nëmmen am Summer - 3/6

Ofspecken net nëmmen am Summer - 3/6

Eng gutt Balance vun allem
headphones

4 min

play_arrow
Ofspecken net nëmmen am Summer - 2/6

Ofspecken net nëmmen am Summer - 2/6

Radikal Regimmer stellen de Kierper an Alarmbereetschaft: Si féieren net zu nohaltegem Erfolleg, mee zu Honger, Frustratioun an dem sougenannte Jo-Jo-Effekt.
headphones

4 min

play_arrow
Ofspecken net nëmmen am Summer - 1/6

Ofspecken net nëmmen am Summer - 1/6

Bikinifigur och nom Summer behalen. Ouni Regimmstress an d’Vakanz an och duerno d‘Gewiicht halen.
headphones

4 min

play_arrow
Mir ginn un d‘Mier an entdecke Blue Food - 6/6 | © Bigstock / efesama

Mir ginn un d‘Mier an entdecke Blue Food - 6/6

Mir ginn op d’Sich vum wäisse Gold an anere Mieresschätz: Salz, Algen a Co.
headphones

4 min

play_arrow