Den Dësch ass keen Therapieraum
Am Summer ass d‘Famill jo dacks méi zesummen um Dësch, Reiwereien sinn dann och alt mol virprogramméiert. An dëser Episod gesi mir, firwat dat normal ass, a wéi een d’Kanner integréiere kann, mam Kachen, mam Dësch decken asw.
Manner Drama a manner Perfektioun
D‘Fro ass net: "Wéi kréie mir déi perfekt Moolzecht hin, mee éischter: Wéi hale mir et flott, och wann net alles klappt?"
Dat ganz ouni Drama mee mat vill Humor a klengen Tricke fir eng gelonge Summer-Familljemolzecht. Dippen, Zaloten a kleng Schmiere ginn zesumme preparéiert, nom Motto: Elo maache mir eis et mol richteg schéin.
Informatioune vun der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
Quellen:
Radtke et al. (2019) - Cooking together: The IKEA effect on family vegetable intake. British Journal of Health Psychology, 24(2), 296-311
Clinical Nutrition (2023) - Are family meals and social eating behaviour associated with depression, anxiety, and stress in adolescents?
Mit Kindern essen: Ein Ratgeber für entspannte Familienmahlzeiten
Edith Gätjen (2016). Mit Kindern essen. Verbraucher-Zentrale NRW. ISBN 978-3 86336 061 0
Tischgespräche - Das systemische Konzept in der Ernährungsberatung
Edith Gätjen (2019). Tischgespräche - Das systemische Konzept in der Ernährungsberatung (Verlag: UGB / Trias)