Wann de Ryan Paris vu Roum eppes vun dolce vita séngt, d'Gloria Estefan op der Sich nom Beat-Dokter ass an d'Chrissie Hynde sech matten op der Strooss erëmfënnt - ma dann ass d'Diagnos eng kloer: mir si matten an den 1980er ukomm. Et gëtt kee Wee zeréck, dat ass e Fakt. Maacht Iech awer net ze vill Gedanken. Dem Nena seng 99 Loftballone loossen ech net op Iech lass an et gëtt och net nëmme Synthesizer. Nee, et gëtt och fett Drum-Maschinnen a Berserker-Kaméidi. D'Noute vun de B-Säite vum Joer 1983 sprangen Iech an d'Gesiicht.
Playlist:
1. Ryan Paris - Dolce Vita (op Single; Discomagic Records; 1983)
2. Miami Sound Machine - Dr. Beat (op Eyes of Innocence; Epic; 1984)*
3. Marcos Valle - Estrelar (op Estrelar; Som Livre; 1983)
4. Liquid Liquid – Optimo (op Single; 99 Records; 1983)
5. Grandmaster & Melle Mel - White Lines (Don't Do It) (op Single; Sugar Hill Records; 1983)
6. Hashim - Al-Naafyish (The Soul) (op Single; Cutting Records; 1983)
7. B Beat Girls – For The Same Man (op Single; 25 West Records; 1983)
8. Slime - Zu kalt (op Alle gegen alle; Aggressive Rockproduktionen; 1983)
9. Einstürzende Neubauten - Abfackeln! (op Zeichnungen des Patienten O.T./Drawings of O.T.; Some Bizarre; 1984)
10. Mark Stewart + Maffia - Jerusalem (op Learning To Cope With Cowardice; On-U Sound; 1983)
11. Dub Syndicate - Independance (op One Way System; ROIR; 1983)
12. Billy Bragg - The Milk of Human Kindness (op Life's A Riot With Spy Vs Spy; Utility; 1983)
13. Jane - It's A Fine Day (op Jane and Barton; Cherry Red; 1983)
14. Pas De Deux - Cardiocleptomanie (op Axe Ends; Zip; 1983)
15. Mikado - Romance (op Single; Operation Twilight; 1983)
16. Pretenders - Middle of the Road (op Single; Sire; 1983)
* e Kuratéier-Feeler – deen dem Presentateur duerch d'Fangere gerutscht ass. Esouguer Dr. Beat als Single huet eréischt 84 d'Dagesluucht gesinn.