arrow_back_ios

Time Flies

2021

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Nom Joer vum ongewollte Stëllstand koum d'Joer, bei deem nees e Wee no vir um Horizont war. Et hat een d'Gefill – dat dank dem Pauséieren an da wéinst Vaccine vläicht och – eng aner Welt méiglech wier. Haut laacht den Zyniker bei deene Gedanken, mee et war eppes kuerzzäiteg op. An der Welt vun der Musek hat dëse Stëllstand a säi Sech-Zäit-Huelen seng Spueren hannerlooss. Mir fléien haut iwwert d'Joer 2021 a lauschteren eran a seng Musek. An déi bréngt eis haut direkt op véier Kontinenter. Scho bal ironesch, wann ee bedenkt, dat d'Pandemie engem d'Reese soss schwéier gemaach huet.


Playlist:


1. Feu! Chatterton – Un monde nouveau (op Palais d'argile; Caroline Records; 2021)

2. La Femme – Pasadena (op Paradigmes; Born Bad Records & Disque Pointu; 2021)

3. Mdou Moctar – Chismiten (op Afrique Victime; Matador; 2021)

4. Jaubi – Seek Refuge (op Nafs At Peace; Astigmatic Records; 2021)

5. Floating Points, Pharoah Sanders & the London Symphony Orchestra – Movement 1 (op Promises; Luaka Bop; 2021)

6. Floating Points, Pharoah Sanders & the London Symphony Orchestra – Movement 6 (op Promises; Luaka Bop; 2021)

7. Emma-Jean Thackray – Sun (op Yellow; Movementt; 2021)

8. L'Rain – Two Face (op Fatigue; Mexican Summer; 2021)

9. Greentea Peng – Nah It Ain't The Same (op Man Made; AMF Records; 2021)

10. Phew – Days Night (op New Decade; Mute; 2021)

11. Low – I Can Wait (op HEY WHAT; Sub Pop; 2021)

12. Dry Cleaning – Scratchcard Lanyard (op New Long Leg; 4AD; 2021)

13. Black Country, New Road – Track X (op For The First Time; Ninja Tune; 2021)


Zousaz: Fälschlecherweis behaapt de Presentateur vun der Emissioun, de WM-Qualifikatiounsmatch tëscht Lëtzebuerg an dem Aserbaidjan am Stade de Luxembourg wier 2 – 0 fir d'Lokalekipp ausgaangen. Tatsächlech hunn d'Aserbaidjaner awer och e Gol geschoss.

Episoden

2004, D'B-SÄITEN

Trippy iwwer Hawai op Williamsburg, eleng um Piano an jazzy duerch d'Nuecht.
headphones

60 min

play_arrow

2003, D'B-Säiten

Eng musikalesch Arméi aus op mannst siwen Natioune bei de B-Säite vum Joer 2003.
headphones

60 min

play_arrow

2002, D'B-Säiten

Mir dauchen an d'Post-9-11-Musekswelt, an där och gedanzt duerf ginn.
headphones

60 min

play_arrow

2001, D'B-Säiten

Mir fänken nei un – net bei Null, mee bei Eent; 2001 mat sengem Soundtrack.
headphones

60 min

play_arrow

2000, D'B-Säiten

Mat der Rentrée op déi aner Säit vum musikalesche Millennium
headphones

60 min

play_arrow

1999, D'B-Säiten

Kuerz virun der Rentrée, kuerz virum Millenium - dat sinn déi zwou Timelines, déi déi nächste Stonn kollidéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 4

Vakanz am Ausland, Vakanz doheem, Vakanz op den Oueren – all Vakanz geet emol op en Enn.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 3

The dream of the 90s is not only alive in Portland, mee och bei Time Flies.
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 2

Entspaant mat Liichtgeschwindegkeet duerch d'Pop- a Rockgeschicht
headphones

60 min

play_arrow

Summer Breeze, Vol. 1

Am August schalt d'Zäitrees duerch d'Popgeschicht e Gank méi héich.
headphones

60 min

play_arrow

1998, D'B-Säiten

Eng zolidd Bäckeschdosen, fir d'Joer 1998 ze komplettéieren.
headphones

60 min

play_arrow

1997, D'B-Säiten

Vu feministesche Country-Pop-Hymnen zum definitiven Techno-Monster – et ass alles dobäi.
headphones

60 min

play_arrow

1996, D'B-Säiten

Däischter a schéin, vu Cowboye bis zu cinematografeschem Drum'n'Bass – 1996 huet et a sech.
headphones

60 min

play_arrow

1995, d'B-Säiten

Mam Mëttelpunkt vum Joerzéngt ass keen einfacht Erauskommen no vir oder no hanne méiglech.
headphones

60 min

play_arrow

1994, D'B-Säiten

D'Joer mam Punkt – op deem ee vum "virum“ an "nom“ Doud vum Kurt Cobain geschwat huet.
headphones

65 min

play_arrow

1993, D’B-Säiten

D'Zäitreess duerch dat fréit Joer vun den 1990er war eent voller oppener Froen.
headphones

60 min

play_arrow

1992, D'B-Säiten

Riffs'n'Rhymes, esou léisst sech de Joergank 1992 ganz gutt resuméieren.
headphones

60 min

play_arrow

1991, D'B-Säiten

De sexiest man alive, Musek aus Äthiopien an Trip Hop – dëst Joer ass nu wierklech alles dobäi bei der Zäitrees duerch Pop a Rock.
headphones

60 min

play_arrow

1990, D'B-SÄITEN

Et ass endlech esouwäit, d'Achtzeger sinn hanner eis a mir heeschen d'Nineties wëllkomm.
headphones

60 min

play_arrow

1988, D'B-Säiten

Ganz iwwerraschend, ongewollt iwwersprongen - et geet an all Richtungen: bei hallef Japaner, an Ägypten, bei eng Kinnigin vun New York a bei déi indigène Awunner vun Australien
headphones

60 min

play_arrow