Episoden
2016
Tëschent Terroruschléi a Panama Papers war d'Joer eent, wat een am léifsten direkt nees vergiesse wollt. Mee och de Réckzuch an d'Musek war net ëmmer schéin.
2015
Et ass op allen Niveauen en duerchwuessent Joer, wann 10 Joer Retrospektioun duerginn, fir dat anzeschätzen.
2014
2014 ass e spannende musikalesche Joergank. Mir verbréngen eng Stonn an deem Joer, dat nach net esouwäit ewech wierkt an awer iwwer 10 Joer schonn hanner eis läit.
2013
Am Joer vu fréizäitegen Departen war et gutt, dat wéinstens op Valeur sûrë vun der Musek ze ziele war. Eng musikalesch Zäitrees, déi sech exklusiv ëm d'Joer 2013 dréit.
2012
Et gëtt ganz dramatesch, orchestral eepesch a schéin. Wie brauch dann nach d'Fouer!
2011
2011 ass e staarke Cru. Nei Acts mat spannenden neie Propositioune wéi och Museker:innen, déi no Joerzéngten am Geschäft Héichpunkte vun hire Karriäre produzéieren.
2010
Mir lauschteren eis vu Woch zu Woch a lues a lues duerch Pop- a Rockgeschicht a mir sinn am Joer 2010 ukomm. Wéi dat Joer wuel geklongen huet?
2009
EU-Politik an amerikanesch Helden hin oder hier, interesséiert d'Musek vun deem Joer - an déi war definitiv fest an der Hand vun Indiekënschtler a Kënschtlerinnen.
2008
Mir maache Stopp an deem ganz tumultuéise Joer a lauschteren eran - an d'Musek vum Joer 2008.
2007
2007 weist sech vun alle Säiten, och musikalesch. Katy Perry séngt doriwwer, wéi si e Meedche gekusst huet, Coldplay gi mam Brian Eno an de Studio an nei Folkmuseker:inne sinn in.
2006
Bangers aus de Radiorotatiounen, verspillt Ureges aus Elektronik a Pop an dee gréisste Folk-Elf vum 21. Joerhonnert ...
2005
Vu cheemesche Bridder, dem brasilianeschen David Bowie an der Angscht, dat bëssi Coolness ze verléieren - et ass nees fir all Goût, Faarf an all Angoisse eppes dobäi.
2004
Wéi de Soundtrack zu deem Joer kléngt, héiert Dir an dëser Emissioun.
2003
Dir héiert e subjektiivt Bild vum Soundtrack vun deem Joer.
2002
D'Joer 2001 war retrospektiv gesinn e richteg gudde Cru vun engem Joer, wat d'Musek ugeet. Datt dat Joer duerno am direkte Verglach eng Grimmel verblatzt: net weider schlëmm.
2001
Nieft den No Angels, dem Safri Duo an dem Christina Aguilera - déi Dir all hei net héiere wäert - war d'Musek dat Joer prett fir dat neit Joerhonnert.
2000
Mir kënnen eng Stonn nolauschteren, wat am Joer 2000 soss nach musikalesch ustoung.
1999
Let's all meet up in the year 2000 an hoffe mer dat et dann net komesch gëtt, wann een sech erwuesse géigeniwwer steet.
1998
Et ass d'Joer vu Pop Queens, vum ICE-Zuchaccident an Ostdäitschland an dem auto-tune Effekt, deem seng Gebuertsstonn schléit.
1997
Dat musikalescht Joer vu Barbie Girl an OK Computer