arrow_back_ios
Time Flies
1986
D'Challenger-Rakéit explodéiert, d'Atomzentral vun Tschernobyl explodéiert an d'Englänner explodéieren, well de Maradona e Gol mat der Hand schéisst - 1986 ass e gelungent Joer. Och musikalesch huet d'Joer eppes bewisen: méi Achtzeger wéi 1986 geet net. Mee et ass net just “The Final Countdown”, “Walk Like The Egyptian” a “Midnight Lady”. Wéi d'Museksjoer 86 soss nach ass, héiert Dir an dëser Emissioun.
Episoden
1985
Et ass d'Joer, an deem d'Charlotte vu Lëtzebuerg geet, an de Gorbatschow kënnt, an et ass musikalesch d'Joer vun Tears For Fears a vum Madonna.
1984
Mat grousse Schwulenhymnen oder dem smoothen operator vum rouege Stuerm. A relax mat engem op New York ass och gutt. George, du hues eis virun deem Joer gewarnt, mee fir eng Stonn komme mir awer luussen.
1983
Mat brutale Fraen gëtt op Raga-Acid gedanzt, de Krämpchen ass do just eng minimal Bedroung, ee Member vu U2 taucht op eemol aus dem Näischt op, a mir héiere fir eng länger Zäit, fir eng leschte Kéier den David Bowie.
1982
Mir reesen an d'Joer 1982 – an d'Joer vum Michael Jackson Album Thriller an d'Joer an deem d'Lydie Polfer déi éischter Kéier Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg gëtt.
1981
1980
D'Discobullen ginn ofgerappt, d'Neon-Tuben amplaz gehaangen. Welcome to the Eighties.
1979
Elektronesch Elementer ginn ëmmer méi wichteg. Sief et am Pop-Kontext oder an der Danzmusek. An d'gëlle Joer vun Disko ginn esou lues awer sécher op en Enn.
1978
1977
Musikalesch war 1977 en duerchaus staarkt Joer. An zwou hëlleg Kéi vun der Disco-Musek agebett, sëtze mir bei un d'Fënster, mir gi mam David Bowie op Warschau a lauschteren eis dem Astor säi Spill um Bandoneon un.
1976
1976 huet et an sech. Mee och an der Musek geet et virun. Net just well sech e waarme Groove weider breetmécht, mee well och d'Punks explosiounsaarteg op d'Bün klammen.
1975
Musikalesch héiere mir Elektronika vun Düsseldorf, mir maachen Ausflich an de Country, deklinéiere Funk dräimol a lauschteren an dee meeschtverkaafte Jazz- a Pianos-Album vun der Museksgeschicht.
1974
An der Musekswelt hunn d'Acts an d'Museker:innen, déi zanter e puer Joer schonn ënnerwee, Mëtt de 70er nach emol ënnerstrach, firwat si als Gréissten an hirem Fach gëllen.
1973
Vun italieeneschen Nonsens-Lidder, heavy Filmmusek a Glam-Rock vu méi oder manner grousser Eleganz op de béide Säite vum grousse Pull war nees alles dobäi.
1972
Op d'Musek vun deem Joer an op d'Musek vun de fréien 1970er konnt ee sech nu wierklech verloossen. Dorunner hunn déi ëmmerhin iwwer 50 Joer zanterhier näischt geännert.
1971
Trotz weiderhi ganz mouvementéierte Gesellschaftsbiller - ausser natierlech zu Lëtzebuerg, do gouf et einfach Fräibéier -, war déi musikalesch Kreativitéit scheinbar onendlech.
1970
En neit Joerzéngt ass ëmmer gläichzäiteg de Moment mat eppes ofzeschléissen, mee natierlech och fir en Neiufank. Et gëtt haart a lues, schéin a knaschteg - d'Musek huet dat neit Joerzéngt mat oppenen Äerm wëllkomm geheescht.
1969
1969 war et endlech esou wäit. Et koum zur Moundlandung. Dozou huet e jonken David Bowie de passende Soundtrack geliwwert. Mee och soss gëtt vill spannend Musek ....
1968
1968 war emblematesch, ma e ganz präzise Mount vun dem Joer ass et vläicht nach méi
1967
D'Joer, an deem de Vietnamkrich weider eskaléiert ass an d'Studenten a Studentinnen et bis uewen hin haten
1966
D'Joer, an deem d'Reaktioun op de Vietnam-Krich zu Masseprotester féiert, d'hollännesch Kinnigin en Däitsche bestuet an déi amerikanesch Astronaute weider am Schiet vun de sowjettesche Kosmonaute stinn ...
- 1
- 2