Radioen

On air

Notturno  |  Dave Richardson - Heart Full Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Time Flies

1975

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

D'Zäitrees vun Time Flies mécht Stop an der Mëtt vun den 1970er - dem Joer, an deem de Vietnam-Krich endlech op en Enn gaangen, mee am Kambodscha de Misère den Ufank vum trauregen Héichpunkt erreecht huet. An zu Lëtzebuerg ass een op eemol mat 18 groussjäreg gewiescht. Musikalesch héiere mir Elektronika vun Düsseldorf, mir maachen Ausflich an de Country, deklinéiere Funk dräimol, lauschtere wat an Europa esou d'Charts getoppt huet a lauschteren an dee meeschtverkaafte Jazz- a Pianos-Album vun der Museksgeschicht.

Playlist:
1. Kraftwerk - Geigerzähler (op Radioaktivität; Kling Klang, EMI, Capitol; 1975)
2. Kraftwerk - Radioaktivität (op Radioaktivität; Kling Klang, EMI, Capitol; 1975)
3. Brian Eno - I'll Come Running (op Another Green World; Island Records; 1975
4. Patti Smith - Redondo Beach (op Horses; Arista; 1975)
5. Keith Jarrett - Köln, January 24, 1975 Part II C (op The Köln Concert; ECM Records; 1975)
6. Emmylou Harris - Boulder to Birmingham (op Pieces of the Sky; Reprise Records; 1975)
7. Glen Campbell - Rhinestone Cowboy (op Rhinestone Cowboy; Capitol Records; 1975)
8. Allen Toussaint - Southern Nights (op Southern Nights; Reprise Records; 1975)
9. Allen Toussaint - Last Train (op Southern Nights; Reprise Records; 1975)
10. Parliament - Give Up The Funk (Tear The Roof Off The Sucker) (op Mothership Connection; Casablanca; 1975)
11. Fela Ransome Kuti & Africa 70 - Expensive Shit (op Expensive Shit; Soundsworkshop Records, Editions Mokassa; 1975)
12. Goblin - Profondo rosso (op Profondo rosso (Colonna sonora originale del film); Cinevox Record; 1975)
13. Joe Dassin - L'été indien (op Single; CBS Disques; 1975)
14. Bee Gees - Jive Talkin' (op Main Course; RSO; 1975)
15. Carol Douglas - Doctor's Orders (Single Version) (op Single; Midland International; 1974)*
16. Gavin Bryars - Jesus' Blood Never Failed Me Yet (op The Sinking of the Titanic; Obscure; 1975)

* D'Single Versioun vum “Carol Douglas Hit Doctor's Orders” gouf am November vum Joer 1974 released. Eng méi laang Versioun mat engem ganz schéinen instrumentalen Deel an der zweeter Hallschent war awer op der „The Carol Douglas Record Release“ 1975 mat drop.

Episoden

1977

Musikalesch war 1977 en duerchaus staarkt Joer. An zwou hëlleg Kéi vun der Disco-Musek agebett, sëtze mir bei un d'Fënster, mir gi mam David Bowie op Warschau a lauschteren eis dem Astor säi Spill um Bandoneon un.
headphones

59 min

play_arrow

1976

1976 huet et an sech. Mee och an der Musek geet et virun. Net just well sech e waarme Groove weider breetmécht, mee well och d'Punks explosiounsaarteg op d'Bün klammen.
headphones

60 min

play_arrow

1975

Musikalesch héiere mir Elektronika vun Düsseldorf, mir maachen Ausflich an de Country, deklinéiere Funk dräimol a lauschteren an dee meeschtverkaafte Jazz- a Pianos-Album vun der Museksgeschicht.
headphones

60 min

play_arrow

1974

An der Musekswelt hunn d'Acts an d'Museker:innen, déi zanter e puer Joer schonn ënnerwee, Mëtt de 70er nach emol ënnerstrach, firwat si als Gréissten an hirem Fach gëllen.
headphones

58 min

play_arrow

1973

Vun italieeneschen Nonsens-Lidder, heavy Filmmusek a Glam-Rock vu méi oder manner grousser Eleganz op de béide Säite vum grousse Pull war nees alles dobäi.
headphones

59 min

play_arrow

1972

Op d'Musek vun deem Joer an op d'Musek vun de fréien 1970er konnt ee sech nu wierklech verloossen. Dorunner hunn déi ëmmerhin iwwer 50 Joer zanterhier näischt geännert.
headphones

58 min

play_arrow

1971

Trotz weiderhi ganz mouvementéierte Gesellschaftsbiller - ausser natierlech zu Lëtzebuerg, do gouf et einfach Fräibéier -, war déi musikalesch Kreativitéit scheinbar onendlech.
headphones

60 min

play_arrow

1970

En neit Joerzéngt ass ëmmer gläichzäiteg de Moment mat eppes ofzeschléissen, mee natierlech och fir en Neiufank. Et gëtt haart a lues, schéin a knaschteg - d'Musek huet dat neit Joerzéngt mat oppenen Äerm wëllkomm geheescht.
headphones

58 min

play_arrow

1969

1969 war et endlech esou wäit. Et koum zur Moundlandung. Dozou huet e jonken David Bowie de passende Soundtrack geliwwert. Mee och soss gëtt vill spannend Musek ....
headphones

58 min

play_arrow

1968

1968 war emblematesch, ma e ganz präzise Mount vun dem Joer ass et vläicht nach méi
headphones

58 min

play_arrow

1967

D'Joer, an deem de Vietnamkrich weider eskaléiert ass an d'Studenten a Studentinnen et bis uewen hin haten
headphones

60 min

play_arrow

1966

D'Joer, an deem d'Reaktioun op de Vietnam-Krich zu Masseprotester féiert, d'hollännesch Kinnigin en Däitsche bestuet an déi amerikanesch Astronaute weider am Schiet vun de sowjettesche Kosmonaute stinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Time Flies - 1965

D'Joer, an deem de Bob Dylan d'elektresch Gittar an de Grapp geholl huet a Greenwich Village skandaliséiert huet. Mee dat ass alles net esou wichteg, well Lëtzebuerg déi éischte Kéier d'Eurovisioun gewonnen huet.
headphones

58 min

play_arrow

1964

1964 war d'Joer, an deem d'Beatles méi oder manner op de Camillo Felgen getraff sinn, wärend déi brittesch Gittaren de Rocksound dominéiert hunn.
headphones

60 min

play_arrow