"Mozart a Reger am Dialog"
Haut den Owend um 6 Auer gëtt et am CAPE zu Ettelbréck ee Concert, bei deem zwee grouss Komponisten openeen treffen, ganz nom Motto “Mozart a Reger am Dialog”. Op der Bün spillt d’Kammerata Luxembourg – ee Lëtzebuerger Kammermuseksensembel dee geschwënn och seng 40 Joer feiere wäert.
D'Presidentin a Geiistin vum Ensembel, d'Sandrine Cantoreggi, verréit am Gespréich mam Marie Schockmel ënnert anerem, wat de Mozart an de Reger gemeinsam hunn a wat si vuneneen ënnerscheed.
Nei Saison 2025/26 an der Philharmonie an och vun den SEL
An der leschter Woch hunn ee grousst Concertsgebai hei am Land an och een Orchester d’Programmer vun hirer neier Saison 2025-26 virgestallt. Et sinn d'Philharmonie an d'SEL, d'Solistes Européens Luxembourg.
An der Philharmonie gëtt et fir déi nei Saison ee grouss Motto, an dat ass et d’Concerten an der Philharmonie accessibel oder nach méi accessibel ze maachen. Ee wichtegen Deel ass do d’Pluralitéit vun de Sproochen, dann och méi Workshops an interaktiv an edukativ Projeten. Fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker gëtt et nawell eng interessant Saison, well si wäerten ouni Chefdirigent spillen. De Gustavo Gimeno ass nämlech elo no 10 Joer geschwënn fäerdeg mat senger Roll als Chefdirigent, an dee neien, de Martin Rajna, deen kennt eréischt an der Saison drop an d’Philharmonie. Dofir wäerten et dann an der Saison 2025-26 vill Gaaschtdirigente ginn – een dovunner ass de jonke Lëtzebuerger David Daubenfeld. Hie wäert am Oktober säin Debut mat de Lëtzebuerger Philharmoniker feieren, an dat direkt mat zwee Concerten. An um Programm steet eng grouss Musek vum Prokofiev - säi "Peter und der Wolf".
D'Solistes Europeéns Luxembourg organiséieren da fir d'Saison 2025/26 genee 10 Concerten an der Philharmonie. Déi grouss Noriicht: De Christoph König bleift fir weider dräi Joer Chefdirigent vum Orchester. Op der Affiche sti vill Concerte mat Lëtzebuerger Solisten. Mat dobäi sinn de Jean Muller um Piano, Benjamin Kruithof um Cello, de Bridder Yanis a Matis Griso op der Gei an um Cello. Et sinn awer net nemme Concerte mat groussen Orchester, mee och Kammermusek ass ee groussen Deel vun der neier Saison. De Startschoss ass den 22. September 2025 an der Philharmonie. De Christoph König wollt schonn zanter laangem erëm ee Projet mat Chouer op d’Bee setzen, an dofir stinn hei direkt zwee Chéier mam Orchester zesummen op der grousser Bün an der Philharmonie. Et sinn d’Maîtrise vun der Kathedral, an d’Chorale Mixte vum Stater Conservatoire. An domat nach net genuch, well de Jean Muller ass Solist um Piano.
Lieder vum weltberüümte Carmen-Komponist Georges Bizet
Beim Numm Georges Bizet denkt ee séier u senger weltberüümt Oper "Carmen". Hien huet awer och vill weider Kompositioune geschriwwen. Ënnert anerem och Lieder, an déi sinn op eisem Klassik Album vun der Woch ze héieren.
De Christophe Mirkes huet den Album ganz gelauschtert, a verréit seng Andréck am Gespréich mam Marie Schockmel.