Radioen

On air

9 bis 1  |  Soft Launch - Milkshakes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Resonanzen

100komma7.lu / Resonanzen

/ Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Immersiv, explorativ, kontemplativ - Dem Georges Lentz seng nei Produktioun

Grouss Landschaften, extreem Wiederbedingungen an eenzegaarteg Déieren ...esou kann een den australeschen Outback beschreiwen. Wann ee sech dës Landschaft virstellt, begräift een och direkt déi atmosphäresch Spannung vum Georges Lentz senger neister Produktioun.

Dës Klangwelt entsteet net nëmmen duerch analog Instrumenter vu "The Noise String Quartett", mee och duerch digital Kläng, déi de Komponist um Computer provozéiert.


“Amitié musicale à quatre mains”

Wéi den Titel vum Album et scho verréit, sinn d’Pianistin an de Pianist vun dësem Album net nëmmen en Team, wann et ëm d’Musizéiere geet, mee och soss ganz gutt Frënn. D’Marie François an de Simon Adda-Reyss trieden allen zwee weltwäit op Concerten op an hunn elo hiren éischte gemeinsamen Album erausbruecht. De Cover ass ganz kënschtleresch. Dorop gesäit ee véier Hänn an d’Fangere sinn zimmlech laang a ganz flexibel, sou datt ee bal mengt, nëmmen zwou Hänn ze gesinn amplaz vu véier. Dat Bild passt gutt bei den Album, well déi zwee spillen esou verbonne mateneen, datt ee bal menge géif, et géif nëmmen eng Persoun um Piano sëtzen. D’Resultat ass eng ganz intim Interpretatioun, déi d’Musek nëmmen nach méi magesch mécht.


Your musical afterwork - Kreativ an de Feierowend

D’Martina Menichetti ass eng Allrounderin: Flüttistin, Pianistin, Songschreiwerin, Produzentin an och am edukative Beräich aktiv. An der Philharmonie huet si eng Partie Projeten an Atelieren entwéckelt, dorënner en neit Format: de Musical Afterwork.

Dobäi geet et drëms, wéi een no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi kritt an nei Energie tankt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

Eng Uergelwei an eng Oper mam OCL

D'Marie Schockmel begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

Nei Releasen a mat Musek de Kapp fräi kréien

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndeg Nomëtteg a bléckt zeréck op eng Woch mat neie Projeten.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

2 Lëtzebuerger Concerten an de Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

Dräi nei Alben an de Pianosfestival Ravel +

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Marie Trussart.
headphones

60 min

play_arrow
Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

Zwee nei Lëtzebuerger Disken an zwou Concertsrecommandatiounen

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Klassikwelt mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

Lëtzebuerger Young Artist of the Year an nei Produktiounen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat Musek an News aus der Klassik duerch de Sonndeg-Nomëtteg.
headphones

60 min

play_arrow
E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

E Gebuertsdag an eng grouss Neiegkeet

D'Marie Schockmel begleet duerch Resonanzen.
headphones

60 min

play_arrow
Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Klassesche Start mat Resonanzen an d'Joer 2025

Den Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um 100,7/ Lëtzebuerger Produktiounen aus 2024 / Hanner den Téin - Episod 2 mat der Cathy Krier / RMVA 2025, d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette
headphones

60 min

play_arrow
Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

Lëtzebuerger Alben am Réckbléck

An der leschter Emissioun vum Joer presentéiert d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschidde Lëtzebuerger Disken.
headphones

60 min

play_arrow
Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Chrëschtdags-Stëmmung, nei Produktiounen an ee Lëtzebuerger Uergelbauer zu Paräis

Resonanzen mam Lex Kauffmann
headphones

60 min

play_arrow
Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik-Album vun der Woch

D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Finalisten a Finalistinnne vum ICMA, de Chrëschtconcert vum Uni.lu-Chouer a vum Orchestre de la Place de l'Europe

D'Marie Trussart féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech a Chrëschtdagsstëmmung.
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik. Och vum opus 100,7 gëtt et Neiegkeeten: en neie Podcast!
headphones

60 min

play_arrow
rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik.
headphones

60 min

play_arrow
Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik
headphones

60 min

play_arrow
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen mam Christophe Mirkes

Resonanzen mam Christophe Mirkes

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow