Den Atlantik mellt sech zeréck 09.03.2026 - 11h30 Zanter Enn Februar deit sech schonn e méigleche Changement fir dës nei Wiederwoch un - an dëse schéngt sech och ze confirméieren.
Stéierunge gi méi warscheinlech 06.03.2026 - 11h30 Kal gëtt et deemnächst weiderhin net, mee et kann zu Stéierunge kommen. Reen ass schonn eng Zäit laang rar, mee de momentane Berechnunge no kéint sech dat d’nächst Woch änneren.
Verlängerung vum gudde Wieder 02.03.2026 - 11h30 Den héije Loftdrock reservéiert sech weiderhin den europäesche Kontinent bal ganz fir sech eleng. Et bleift fréijoersméisseg mëll an de Reen hält sech ëmmer nach zeréck.
Weiderhi kee Wanterwieder a Siicht 27.02.2026 - 11h30 De frëndleche Changement suergt am ganze Land fir gutt Laun. Lëtzebuerg genéisst déi éischt fréijoersméisseg Temperature vum Joer.
Fréijoersloft confirméiert 23.02.2026 - 11h30 D’Grousswiederlag wäert sech an der neier Woch esou ëmstellen, datt eis e richteg markante Virstouss vun däitlech méi waarme Loftmassen usteet.
En Hauch vu Fréijoersloft 20.02.2026 - 11h30 De Weekend musse mir nach op d’Zänn bäissen, duerno gëtt et besser. Fir d’nächst Woch steet fir vill Leit eng wëllkomm Ännerung um Programm, et gëtt nämlech däitlech méi mëll.
Wanterlechen Intermezzo geet virun 16.02.2026 - 11h30 Mir hunn en interessante Weekend hanner eis an et geet och alles anescht wéi “langweileg” virun.
Markanten Temperaturréckgang 13.02.2026 - 11h30 Temporär ginn erëm polar Loftmassen zougespillt. Dee fir eis relevanten Déifdrockkomplex verzitt sech de Weekend a Richtung Osten, en Tëschenhéich setzt sech duerch.
Den Atlantik iwwerhëlt d’Rudder 09.02.2026 - 11h30 Déi roueg Deeg si gezielt, elo kënnt erëm méi Beweegung eran.
Rouege Weekend, dann nei Déifdrockausleefer 06.02.2026 - 11h30 Iwwert de Weekend setzt sech en Tëschenhéich duerch.
Weidert Onwiederpotenzial a Südwesteuropa 02.02.2026 - 11h30 Heiheem geet et variabel virun, iwwerdeems et a Portugal an och a Spuenien turbulent bleift.
Wiederextreemer am Südweste vun Europa 30.01.2026 - 11h30 D’Blécker waren dës Woch op de Südweste vun eisem Kontinent geriicht.
Deels naass Ofschnëtter 26.01.2026 - 11h30 Duerch Déifdrockausleefer gëtt et zäitweis naass, mee vill kënnt net zesummen.
Atlantesch Stréimunge kréien d’Soen 23.01.2026 - 11h30 Eng markant westlech Stréimung verhënnert, dass sech nohalteg Keelt bei eis ka breetmaachen.
Keelt hält sech nach zréck 19.01.2026 - 11h30 Duerch Déifdrockaktivitéite westlech vun eis kritt sech déi richteg Keelt nach net duerchgesat.
Enn Januar gëtt et nees spannend 16.01.2026 - 11h30 Momentan ginn eis ëmmer nach mëll Loftmassen aus dem Süde vum Kontinent zougespillt. Dës Stréimung kritt et awer geschwë schwéier.
D’Wanterwieder seet Äddi 12.01.2026 - 11h30 Et gëtt Zäit fir eng Wiederberouegung, d’Grousswiederlag stellt sech ëm.
De Freideg turbulent, de Weekend méi roueg 09.01.2026 - 11h30 Haut leie mir ënner dem Afloss vum Stuerm Elli respektiv Goretti.
Wanterlech an turbulent 05.01.2026 - 11h30 Nach hale sech déi knackeg kal Loftmassen ongestéiert bei eis op, mee dat wäert net esou bleiwen.