Déi roueg Deeg si gezielt, elo kënnt erëm méi Beweegung eran.
En Tëschenhéich hat de Weekend nach zu engem Mix aus Sonn a Niwwelfelder geféiert, lokal goufen esouguer zweestelleg Plusgraden erreecht. Dëst Héich verzitt sech elo, vum Atlantik hier erreecht eis geschwënn een Déif nom aneren.