Modernsten Teleskopentechnik am Vera Rubin Observatoire erlabe Studien an dëse Beräicher weiderzeféieren.
Vu Kand un huet sech Vera C. Rubin an den 1940er Joere fir Stären interesséiert a war fest entschloss Astronomie ze studéieren. Vill Hindernisser huet si hiert ganzt Liewen iwwerwonne bis hir Studien iwwer Rotatioun vu Galaxien an Donkeler Matière eescht geholl goufen. De Vera-C.-Rubin-Observatoire a Chile dréit haut hiren Numm als Unerkennung fir hir Aarbecht. Den Observatoire huet déi gréissten digital Kamera op der Welt mat enger Opléisung, déi et erlaabt an enger Opnam 10 Millioune Galaxien ze weisen. Eent vun den éischte Biller gouf “Cosmic Treasure Chest” genannt. Explikatioune vun der Physikerin Carol Eicher