Gläich geet et lass mat de Veianer Music Days, de Festival vun der Kammerata Luxembourg an der wonnerschéiner Kuliss vu Veianen. An deem Kader gëtt et eng ganz speziell Aluedung fir d’Kanner aus dem ganze Land: Ganz feierlech gi si den 8. November an d’Veianer Schlass agelueden, an zwar vu kengem anere wéi der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg. D’Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz huet eis verroden, firwat sech eng historesch Figur aus dem 15. Joerhonnert an eist Zäitalter veriert huet a wat d’Kanner (an hir Famill) bei deem interaktive Spektakel erwaart.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival
De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.