De 25. Oktober um 10:30 Auer ass an der Salle Polyvalente vum Stater Conservatoire e Concert mat zwou Schauspillerinnen, 3 Pianistinnen (Hana Robotkova, Sonia Weber, Katrin Reifenrath) an engem Pianist ze erliewen. Fir dem Pianist a Pedagog Jean Hilger säin Depart vum Conservatoire ze feieren hu seng al Kolleeginnen a Schülerinnen decidéiert e ganz besonnesche Concert ze organiséieren. Um Programm: lauter Stécker ronderëm d’Theema vun der Party, ënner anerem mat Wierker vum Grieg, Saint-Säens oder och Piazzolla. Dobäi kommen allerdéngs och Wierker aus der Literatur wéi vum Hugo, Rimbeau oder och Prévert. De Jean Hilger erkläert, wéi d’Iddi vun deem Concert eigentlech vun der Pianistin Katrin Reifenrath koum.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Spiller mat Wierder a mat Hänn am Conservatoire
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival
De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.