Den Duo Kiasma, bestoend aus den zwee Museker Pierre Fontenelle (Cello) a Frin Wolter (Akkordeon), beschreiwen sech selwer dacks als "onklasséierbar a punkto Repertoire an eklektesch."
An och als Solo-Kënschtler weisen déi zwee Museker, déi eng enk Frëndschaft matenee verbënnt, datt si d'Klassik ganz oppen an innovativ gesinn.
Firwat gouf elo awer eréischt no 10 Joer ee gemeinsamen Debut-Album opgeholl? Wat sinn d'Beweeggrënn hanner dem Projet "Duo Kiasma"? A wéi spiere si sech selwer als besonneschen Duo an der Zeen wouergeholl? Dat alles si dem Lex Kauffmann am Harmonesche Moien verroden an hunn am Opus Studio live Wierker aus hirem neien Album gespillt.
Déi komplett Emissioun kënnt dir iwwert www.opus.radio oder an der Opus 100,7 App nolauschteren!