Am Kader vun de Concerts-apéritifs vun der Philharmonie invitéieren d'Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker den 11. Oktober op e Concert ënner dem Titel "D'un même souffle" an der Salle de Musique de chambre. Um Programm sti Wierker vu manner bekannte Komponiste fir Bléiserquintett: Heinrich Kaspar Schmid, Jean-Pierre Kemmer an Endre Szervánszky. D'Marie Trussart huet sech mam Hornist Leo Halsdorf iwwer de Programm vum Concert ënnerhalen. Hien huet ënner anerem och verroden, wéi d'Concerts-apéritifs beim Public ukommen.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
An engem Otemzoch
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart