Dëse Sonndeg, den 19. Abrëll um 5 Auer nomëttes ass am Centre des Arts Pluriels Ettelbrück den nächste Concert vun der Serie Music & Wine. D'Kammerata Luxembourg presentéiert e Programm ënner dem Titel Wayfarer & Wine. Et ass eng musekalech Rees, ugefaange mam Gustav Mahler senge “Lieder eines fahrenden Gesellen”, bis hin zu de Grenze vun der Tonalitéit mam Arnold Schönberg senger Kammersinfonie.
De Klarinettist Max Mausen an d'Geiistin Sandrine Cantoreggi verroden, wat de Lien tëschent deene verschidde Wierker um Programm ass a wat den Titel Wayfarer bedeit.