De Sonnde 25. Januar gëtt et am CAPE zu Ettelbréck e Concert deen zu 100 Prozent weiblech ass. Op der Bün steet den Trio “Her Ensemble”, an hei ass de Numm eben och Programm.
Net nëmmen dat, mee och d’Musek déi um Programm steet, passt bei de Motto vum Ensembel. Am Mëttelpunkt sti véier verschidde Komponistinnen, déi alleguerte Geschicht geschriwwen hunn.
Virum Concert gëtt et och nach ee Performance-Virtrag ganz passend zum Thema Komponistinnen, vun der Musekswëssenschaftlerin Noemi Deitz zesumme mat der Sängerin Paula Rein, déi och nach passend Musek vun deene véier Komponistinne séngt.