E Concert bei deem sech alles ëm de Schockela dréit. Dee gëtt et dëse Sonnde 25. Januar am Schlass zu Buerglënster am Kader vum Museksfestival. De Motto vum Concert ass “Le Chocolat - Auf den Spuren einer verzehrenden Leidenschaft”.
Dobäi spillt d’Lëtzebuerger Cembalistin Anne Galowich Wierker déi tëscht dem 16. an 18. Joerhonnert komponéiert goufen. An dat si souwuel bekannt Wierker wéi och manner bekannter. Ënnert anerem ass Musek vum Jean-Philippe Rameau a vum Johann Sebastian Bach dobäi. An si spillt net nëmmen um Cembalo, mee verréit och méi iwwert déi musikalesch Verbindunge mam Schockela.