Méi wéi 200 Joer nom Mozart sengem Doud en neie Concerto vun him? Jo, dir liest richteg. 1778 komponéiert de Mozart e Concerto fir Hautbois, ma d'Noute gi verluer, an alles wat iwwereg war, waren nëmme 47 Täkt.
Elo hunn den däitschen Oboist Albrecht Mayer an de Schwäizer Komponist Gotthard Odermatt dat Wierk nei opgeschafft an e vervollstännegt.
Den Oboist spillt de Concerto dann och de Méinde 26. Januar an der Philharmonie um Kierchbierg, zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg.