Am Opus Podcast Klassik Talk kommen ëmmer aner Perséinlechkeeten aus der Zeen vun der klassescher Musek zu Wuert, an de Mënsch hanner der Musek steet am Mëttelpunkt. Aktuellen Invité ass de Claude Mangen. Vum geléierte Comptabel zum prägenden Acteur vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet hien en zimmlech aussergewéinleche Parcours hanner sech. Beim Radio 100,7 ass hien och keen Onbekannten. De Claude Mangen war 25 Joer laang Chef vun der Kultur a Programmchef vum Radio 100,7. Haut ass hien Direkter vum Mierscher Theater, a ganz geschwë fänkt fir hien en neie Liewensofschnëtt un.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Vum Comptabel bei de Schauspiller
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel