Artistes en herbe fërdert zënter 2009 den Nowuess an der klassescher Musek. Gegrënnt gouf d’ASBL vun der Komponistin Albena Petrovic an der Pianistin Natalia Kovalzon.
Muer den Owend ass am Kammermusekssall vun der Philharmonie e Concert geplangt, op deem 10 jonk Solisten a Solistinne sech däerfe mam Orchestre de Chambre du Luxembourg presentéieren. D’Albena Petrovic huet eis verroden, wat bei dësem Optrëtt anescht ass wéi bei deenen aneren, déi Artistes en Herbe bis ewell organiséiert huet.