Nieft “Last Christmas” dierfen och “Jingle Bells” an “Den Nussknacker” net feelen. Um Opus lafen iwwer déi ganz Feierdeeg sëlleg Concerten a Musek fir bei all Äre besënnleche Momenter oder Feierlechkeeten ze lauschteren. Mat dobäi si Chrëschtconcerte vu Lëtzebuerg an och aus dem Ausland - fir Momenter voller Rou a Freed.
Freet Iech op Concerte fir haart matzesangen: “Jingle Bells”, “Am Uewe potert d'Feier”, an “Carol of The Bells” aus dem Film "Kevin - Allein zu Haus".
De ganze Feierdagsprogramm vum Opus fannt Dir online op opus.radio an an der opus 100,7-App. A lauschtere kënnt Dir den Opus och zu all Zäit iwwer DAB+.