D’ICMA ass ee vun de gréisste Musekspräisser an der Zeen vun der klassescher Musek. ICMA steet fir International Classical Music Awards - an zesumme mat aacht Partneren huet d’Ekipp elo eng nei Méiglechkeet an d’Liewe geruff, fir jonk Talenter op déi grouss Büne kënnen ze schécken.
Am Communiqué ass rieds vun engem neie Netzwierk, dat et erméiglecht, de Gewënner vun den ICMA Awards eng méi grouss Visibilitéit ze ginn.
D’ICMA vergëtt al Joers ënner anerem dräi Awards un jonk Nowuesskënschtler: den Young Artist of the Year, den Discovery Award an och den Classeek Award. Gewënnerinnen a Gewënner vun deene Präisser kommen elo duerch dëst Netzwierk also an ee Pool vu méiglechen Kënschtler:innen, déi op internationale Büne vun Orchesteren an de Programm kënnen opgeholl ginn.
Ee vun de jonke Museker kënnt och aus Lëtzebuerg. Et ass de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof, deen 2025 als Young Artist of the Year ausgezeechent gouf.