Am Kader vun de rainy days gëtt d'Stéck “Apoplexie” nees opgeféiert, an zwar am Kasemattentheater. Et ass en immersiivt Live-Hörspill, bei deem d'Rahel Jankowski eng Geschicht erzielt, déi vun engem Live-Soundtrack vum Kollektiv Independent Little Lies begleet gëtt. Dat Ganzt muss ee sech wéi bei engem Film virstellen: niewend dem Soundtrack vun a mat der Catherine Kontz ginn och Geräischer aus der Erzielung nogemaach. D'Stéck gouf konzipéiert fir Leit, déi net gutt oder guer net gesinn. D'Catherine Kontz erkläert, wat een dobäi erwaart.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Apoplexie
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus