Dat neit Format Klassik Talk vum Opus erméiglecht et, de Mënsch hannert der Musek besser kennenzeléieren. D’Klassik Redaktioun schwätzt mat Leit, bei deenen d’Musek am Mëttelpunkt steet. An der mëttlerweil 10. Episode geet et em d’Catherine Kontz.
D'Komponistin ass hei am Land grouss ginn, am Moment lieft si awer mat hirem Mann a mat hire Kanner zu London. Kuerz virum Rainy Days Festival, bei deem d'Komponistin scho fir d'Drëtt als Directrice artistique wierkt, huet sech d'Marie Trussart mat hir getraff.
Eigentlech wollt d’Catherine Kontz deemools eppes "Seriöes" léiren: Si hat net vir vun der Musek ze liewen an huet dunn Ekonomie zu Paräis studéiert. Si war eng immens gutt Studentin, mee hir war langweileg. Am drëtte Joer Bachelor dréit si komplett duerch, hält mat hirem Studium virum Ofschloss op an zitt op London fir Musek ze studéieren. Si erzielt, wéi dat deemools war: