Matten a Lëtzebuerg Jazz, Vokalmusek oder Musekstheater live erliewen. An dat och nach an enger historescher Location. Dat gëtt zu Veianen ugebueden, wou fir déi mëttlerweil 6. Kéier d’Music Days stattfannen. Organiséiert gëtt dëse Festival eng Woch laang vun der Kammerata Luxembourg.
Alleguerten d’Infoen zu de Concerte selwer, déi fannt Dir ënner www.musicdays.lu.