Bei Barock denkt ee séier un de Johann Sebastian Bach. Hien huet a senge 65 Liewensjoren iwwer Dausend Wierker komponéiert. Dorënner sinn och seng weltberüümt Kantaten.
De Lëtzebuerger Ensembel Ad Libitum spillt reegelméisseg Concerte mat dëse Kantaten. Dee nächsten ass de 26. Oktober an der Protestantescher Kierch an der Stad. Do séngt den Ensembel net eleng, mee mat dobäi ass och e Solist. Dat ass de Bass-Sänger Wolf Matthias Friedrich vu Leipzig.
Den Oflaf vun dëse Concerten ass och net wéi een et gewinnt ass. D'Musek gëtt nämlech zweemol gespillt, an dotëscht ginn et Erklärunge vun engem Conferencier. Dëst Kéier ass dat de Lëtzebuerger Countertenor Jeff Mack.