Den Echter'Classic Festival ass vum 9. bis den 12. Oktober. Dëst Joer sinn och nees eng Rei Showcasen an Zesummenaarbecht mat Kultur | lx geplangt. Dat si kuerz Concertsformater, mat deene jonk Artisten an Artistinnen d'Méiglechkeet kréie sech viru Publikum a Vertrieder:innen aus der Industrie ze presentéieren. Insgesamt läit de Schwéierpunkt op de Lëtzebuerger Museker:innen.
Mee och de Public steet am Mëttelpunkt: an enger Table ronde gëtt doriwwer diskutéiert, wéi een als Organisateur méi Leit kann erreechen. De Maxime Bender, Direkter vum Trifolion, gëtt en detailléierten Abléck an d'Editioun vun Echter'Classic 2025.